Aktuell: Et ass erëm Saharastëbs an eis Géigenden ënnerwee

Schonn d’lescht Woch hate mir et mat enger erhéichter Saharastëbs-Konzentratioun ze dinn. Muer erwaart eis déi nächst Portioun.

Grousswiederlag mecht et méiglech

Duerch déi momentan Grousswiederlag wäert muer um Mëttwoch de nächste Schwall u Saharastëbs an eise Géigenden ukommen, dat viraussiichtlech esouguer nach méi héichkonzentréiert wéi d’lescht Woch. Duerch d’Kombinatioun aus engem Déif iwwert dem Atlantik a groussflächegem héije Loftdrock iwwer groussen Deeler vun Europa leie mir ënnert enger iwwerduerchschnëttlech mëller südlecher Héichtestréimung. Zesummen domat ginn och Partikelen a Stëbs aus der Sahara op Mëtteleuropa geblosen.


De Saharastëbs fënnt alt erëm säi Wee op Lëtzebuerg | Grafik: SKIRON / University of Athens

Den Effekt? De Stëbs wäert sech erëm un all méigleche Géigestänn ofsetzen, virun allem wäert et erëm un den Autoen bemierkbar sinn. Déi zweet Saach ass déi, dass duerch de ville Stëbs d’Vue an den Himmel däitlech méi dréif wäert sinn an och dënn Schleierwolleke wäerte sech doduerch warscheinlech forméieren. Géif et dobäi och nach reenen, wat um Mëttwoch zwar dagsiwwer nach net de Fall sollt sinn, dann hätte mir et mam sougenannte “Bluttreen” ze dinn. Klengt méi dramatesch wéi et ass: ënner “Bluttreen” versteet een Reen, deen duerch de Saharastëbs an der Héicht mat Stëbs versat ass. Zesumme mam Reen kéint sech de Stëbs nach besser bei eis un de Géigestänn festsetzen. Mee wéi gesot, Reen steet eis viraussiichtlech eréischt an der Nuecht op den Donneschden un. D’Konzentratioun vum Stëbs wäert bis dohin zwar schonn zréckgaange sinn, mee nach net ganz fort. Net wonneren also, wann d’Autoen um Donneschdemoien Spure vu Saharastëbs weisen.

<
D’Grousswiederlag, déi den Transport vum Saharastëbs an eis Géigende méiglech mécht | Grafik: wxcharts.com