Aktuell: Polarliichter um Lëtzebuerger Himmel! Geschwënn nach besser Konditiounen

De Moment si Polarliichter ze gesinn, dat deelweis esouguer bis an d’Schwäiz erof. Bis ewell koume schonn e puer flott Fotoen aus Lëtzebuerg eran, mee duerch d’Wieder si se nach net iwwerall ze gesinn. Ob a wéini et besser gëtt, fannt Dir an dësem Artikel.

Advertisement

Ëmmer méi Siichtungen

Zanter Sonnenënnergang kommen aus Europa ëmmer méi Meldungen iwwer Siichtunge vu Polarliichter eran, deelweis esouguer aus der Schwäiz! Dat heescht, dass se och zu Lëtzebuerg ze gesi sinn – déi éischt Fotoen zirkuléiere schonn an de soziale Medien. Duerch de Reen hat een bis ewell awer nach net iwwerall d’Chance se ze gesinn, mee dat soll sech elo all Moment änneren.

Geschwënn manner naass a manner wollekeg

Virun der Schauerlinn, déi de Moment nach amgaangen ass duerchzezéien, ass et virun allem am Norde vum Land fir e puer Wollekelücken duergaangen. Duerch dës konnten dunn déi éischt Biller gemaach ginn, wéi beispillsweis dat heite bei Boxer.


Aktuellt Radarbild (Stand 20:00 Auer

An Tëschenzäit läit awer, wéi gesot, eng kleng Schauerlinn iwwer Lëtzebuerg (Stand 20:00 Auer), déi awer schonn geschwënn wäert aus dem Land erauszéien. Wa mir eis d’Satellittebild esou ukucken, dann ass ze erwaarden, dass et wuel vu géint 21 Auer un vu Westen hier soll manner wollekeg ginn. Dëst géif sech dann och iwwert dat ganzt Land zéien, wat also heescht, dass mir bis Mëtternuecht bal iwwerall d’Chance sollte kréien, d’Polarliichter ze kucken.


Aus Westen kënnt eis eng Opkläerung méi no | Satbild: EUMETSAT/DWD, Edit: Météo Boulaide

Se sinn zwar intensiv, mee reng mam Aen gesäit ee se just a rare Fäll. Déi meescht Siichtunge gi per Kamera gemaach (och nach fotografescht Polarliicht genannt), dozou einfach eng Foto a Richtung Norde vum Himmel maachen. Fir e nach bessert Resultat, probéiert et mat Laangzäitbeliichtung a fuert wäit aus dem Duerf eraus wéinst der Liichtverschmotzung.

Déi éischt Fotoen

De Franky Meyer vu Boxer hat den Owend déi éischt Fotoen erageschéckt