Aktuell: Vum Schnéi erëm op 20 Grad an driwwer

Stuerm a Schnéi hunn an der leschter Woch fir immens ongemittlecht Wieder gesuergt, elo erwaart eis awer de Géigendeel mat iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 12.04.2022:

Schnéi, glat Stroossen a Stuerm – mat dësem Bild ass déi lescht Woch op en Enn gaangen. Wat ass iwwerhaapt do lass? Typescht Abrëllswieder oder eppes, wat eis elo nach weiderhi sou begleede wäert? De Philippe Ernzer huet eis e bëssen eppes ze erzielen.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Den Abrëll mecht sengem Numm all Éier

Also e bessert Beispill wéi dësen Abrëll bis elo gëtt et schonn bal net. No villen Onsécherheeten konnt et esouguer erëm zu dem engen oder anere spéitwanterlechen Zentimeter Schnéi kommen, dat nodeems de Stuerm NASIM iwwert eis ewechgezunn ass. Vun eise virausgesote 90 km/h vun der leschter Woch sinn am Endeffekt un dräi verschiddene Wiederstatiounen 89 km/h gemooss ginn – an zwar zu Wolz, Elwen an zu Käerjeng.

Vun dësem turbulenten an och deels méi wanterlechem Wieder geet et elo awer riicht an déi aner Richtung.

Wann e sech d’Wieder vun der leschter Woch esou virun Aen hält, dann ass bal net ze gleewen, wat eis dann elo an de nächsten Deeg erwaarde soll. Duerch kräftegen Déifdrockafloss iwwert dem ëstlechen Atlantik a méi héijem Loftdrock iwwert eisem Kontinent ginn däitlech méi waarm Loftmassen direkt aus dem Mëttelmierraum an esouguer aus dem Norde vun Afrika an eis Géigende gelenkt.

Wéi eng Temperature kënne mir eis dann vun dëse Loftmassen erwaarden?

D’lescht Woch haten d’Modeller nach gréisser Schwieregkeeten dat richteg anzegrenzen. Déi eng ware mat grad emol ëm 15 Grad dobäi, déi aner haten esouguer bis zu 25 Grad iwwer Däitschland an hirer Berechnung. Alleng doru gesäit ee schonn, wat alles an engem Abrëll schonn méiglech ass.

An eisem Fall kënne mir eis, Stand elo, haut op 19 bis 22 Grad astellen, muer um Mëttwoch op 19 bis eventuell esouguer 23 Grad. Um Donneschde soll et mat 16 bis 21 Grad erëm e bësse manner waarm ginn, iwwert de kommende Weekend wiere mir viraussiichtlech nach mat 14 bis 18 Grad ënnerwee. Also en uerdentlechen Ënnerscheed wann een dat mat den Temperaturen aus der leschter Woch vergläicht.

Dës Temperatur-Ugabe sollt een awer net grad 1:1 iwwerhuelen. Firwat?

Mir erënneren eis jo nach un Enn Mäerz, wou mir et mat enger gréisserer Konzentratioun u Saharastëbs ze dinn haten. Dës Kéier ass d’Situatioun net anescht: déi waarm Loftmassen, déi eis an dëse Stonnen an Deeg erreechen, hunn hiren Uersprong erëm méi oder manner genee op där selwechter Plaz, wou déi lescht Kéier de ganze Stëbs opgewirbelt an an eis Géigende gedroe gouf. Vun haut un erreecht eis eng nei Stëbswollek mat Saharastëbs, déi bis an de fréie Freiden iwwert eis leie soll.

Sou wéi déi lescht Kéier kann dëse Stëbs dann och eis Temperature beanträchtegen. Vun de virausgesote Wäerter kann een, deemno wéi vill Sand et wierklech ass, tëscht 2 a 5 Grad ofrechnen.

An der leschter Woch krute mir jo eng uerdentlech Portioun Reen of, wéi ass et dann fir dës Woch?

Wat de Reen betrëfft huet sech d’Wieder dës Woch geduecht mol erëm bësse Paus ze maachen. Duerch déi südlech Stréimung hu mir zwar heiansdo ganz kuerz Momenter, wou mir et mat liichtem Déifdrock ze dinn hunn, mee den héije Loftdrock sollt awer iwwert déi ganz Woch dominéieren. Doduerch kënnen zäitweis eenzel Nidderschléi net ausgeschloss ginn, wéi z.B. um Mëttwoch oder och um Donneschden – gréisser Quantitéite sollen do awer net dobäi sinn. Den europäesche Wiedermodell ass bis de Sonnden inclus grad emol mat tëscht engem hallwe Liter bis hin zu 3 l/m² dobäi.

Duerno erwaart eis dann wuel e klenge Kampf tëscht de Loftmassen?

Vill Leit hoffe sech natierlech, dass et och an der nächster Woch mat de méi héijen Temperature viru geet. Wann een nach op d’Kaarten vum amerikanesche Wiedermodell GFS vun der leschter Woch gelauschtert hätt, dann wiere mir an der nächster Woch méiglecherweis erëm a Richtung Wanter zréckgeruddert. Dës Berechnunge goufen awer elo op mannst e bësse gestutzt, wat d’Hoffnung opkomme léisst, dass d’Iddi vun engem weidere Retour vun de Schnéiflacke ganz verworf gëtt. Den europäesche Wiedermodell ECMWF ass do erëm bësse méi optimistesch dran a schéngt esouguer fir déi zweet Hallschent vun der nächster Woch un engem Zenario ze schaffen, bei deem op ee Neits méi waarm Loftmassen hire Wee op Lëtzebuerg fanne kéinten. Ass also nach vill Spekulatioun, dofir awer immens spannend.

Wéi gesäit et mam Frascht aus, bis dëse Kampf dann entscheed ass?

De Nuetsfrascht gëtt elo mol erëm fir eng Zäitche manner en Thema. Déi nächst Kéier kéint dann tatsächlech sinn, wa sech d’Modeller fir d’nächst Woch awer erëm fir déi méi kill Variant entscheeden.

Dann huet et sech jo gelount, dass mir déi lescht Woch nach eng Kéier bëssen op d’Zänn gebass hunn. Et gëlt, dat méi waarmt Wieder ze genéissen. Merci un dech Philippe, dann ass et bis d’nächst Woch.