De Juli ass a bleift e variable Mount. Wat d’Temperature betrëfft ass en op enger Achterbunn ënnerwee, déi sech demnächst op engem méi nidderege Niveau wäert apendelen.
D’Grousswiederlag
Déiwe Loftdrock verleeft weiderhin iwwert dem Norde vun Europa, iwwerdeems iwwert dem Mëttelmier staarken Héichdrockafloss läit. Doduerch bleift déi variabel Weststréimung an eise Géigenden bestanen a bréngt eis weiderhin Temperaturschwankungen – just wäerte sech dës Schwankungen a nächster Zäit op engem méi nidderege Niveau ophalen wéi an de vergaangene Wochen.
Nach zäitweis richteg waarm, mee…
… dës Phasen halen net all ze laang un an et geet erëm däitlech biergof. Muer e Méinden ass mat Maximaltemperature vun tëscht 20 a 24 Grad ze rechnen, lokal ka mol eppes driwwer net ausgeschloss sinn. En Dënschden erreecht eis erëm e lokaale Peak, tëscht 24 an 28 Grad sinn ze erwaarden. E Mëttwoch si mir bei 23 bis 26 Grad ënnerwee, plazeweis ass och nach eng 27 Grad méiglech. En Donneschde pendele sech d’Temperaturen tëscht 20 a 24 Grad an, fir e Freiden an de Samsden dat selwecht. E Sonnde soll et mat 19 bis 23 Grad nach en Tick manner waarm ginn.
Aktuell Modellrechnunge gesi fir de Méinden an enger Woch 22 bis 26 Grad, ier et dann fir en Dënschden op ënner 20 Grad soll zréckgoen. D’Schwankunge ginn also virun, mee mir si just nach sielen bei 30 Grad an driwwer ënnerwee – esou mol déi aktuell Trends fir de Rescht vum Juli 2023.