Ëmmer méi Modeller schléisse sech der Meenung un, dass eis besonnesch ronderëmt e Mëttwoch endlech Summer-Temperature sollen ustoen. Wéi héich d’Wäerter exakt klamme, muss awer nach gekläert ginn.
Advertisement
Ass et elo esouwäit?
An de leschte Wochen hate mir de “Probleem”, dass d’Summerwiermt zwar prett iwwert dem Süde vun Europa louch, mee keng Geleeënheet hat, sech erop op Lëtzebuerg ze beweegen. Elo deemnächst ännert sech dat awer: Vum Méinden un trëtt d’Wierkung vun engem Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär iwwert dem Südweste vun Europa läit, a Kraaft. Duerch seng Dréibeweegung géint d’Auer gi summerlech waarm Loftmassen op Mëtteleuropa duer transportéiert.
Mëttlerweil deiten all d’Modeller, déi schonn esou wäit an d’Zukunft kënne kucken, dat un. Heescht: Et gëtt ganz warscheinlech méi waarm, mee wéi héich den Thermometer exakt klëmmt ass nach eng kleng Onsécherheet.
Esou gesäit et aus momentaner Siicht aus
Wéi d’Modeller et de Moment gesinn, kënne mir de Méinde Maximaltemperature vun tëscht 17 an 22 Grad erwaarden, lokal fläit och eng 23. Déi méi waarm Loftmasse kommen awer eréischt vum Dënschden un méi spierbar an d’Spill, do hu mir nämlech 19 bis 24 Grad ze erwaarden, den optimisteschste Berechnunge no geet et laanscht d’Musel och fläit fir 26 Grad duer. Wärend et fir de Mëttwoch eenzel Modeller ginn, déi erëm mat engem Réckgang rechnen, bleift de Gros bei tëscht 22 a 27 Grad.
Bis heihi si sech d’Modeller jo, wéi gesot, nach net 100% iwwert den tatsächlechen Zenario eenz, mee et ass mol eng Richtung. Fir de weideren Deel gëtt et méi spekulativ: Fir en Donneschde gi vun enger Rëtsch Modeller tëscht 23 an 28 Grad ugedeit, den amerikanesche Modell wëll esouguer 30 Grad net ausschléissen. Zur selwechter Zäit hu mir awer och de brittesche Wiedermodell, deen fir genee de selwechten Zäitraum grad emol tëscht 13 a 17 Grad berechent.
Spéitstens fir e Freide si sech all d’Modeller iwwert eng Ofkillung eenz.
De Fazit
Et gëtt mat grousser Warscheinlechkeet méi waarm, dat och um summerleche Niveau. Ob sech awer elo déi wärmst Zenarien mat 27 Grad a méi kënnen duerchsetzen, dat zielen eis d’Modeller eréischt an de nächsten Deeg. Mir bleiwen um Ball.
Wichteg ze erwäänen: Dës Temperature kommen eis net mat engem bloen Himmel entgéint, mee dem Risk vun deels kräftege Schaueren an Donnerwieder. Deemnächst verëffentleche mir e weideren Update dozou.