Alles oder näischt: Zolitte Stärschnäize-Reen duerch zerbröselte Koméit méiglech

Zumools iwwert der westlecher Hemisphär, also iwwer Nordamerika, kéint haut en immense Reen aus Stäreschnäizen ustoen. Wat dat fir Mëtteleuropa bedeit, fannt Dir an dësem Artikel eraus.

Titelbild: NASA/JPL-Caltech/W. Reach (SSC/Caltech)

E Meteorstroum, deen ëmt e Villfaches méi markant ass wéi beispillsweis deen vun de Perseiden? Wëssenschaftler no ass dëst an dëser Nuecht méiglech, mat potenziell iwwer enger Dosen Stäreschnäizen an der Sekonn. Ausléiser ass de Koméit 73P/Schwassmann-Wachmann, deen am Joer 1995 virun den Aen vun de Wëssenschaftler zerbrach ass. Tëscht 2001 an 2006 sinn dës Stécker a weider Stécker zerbrach, et hu sech riseg Stëbswolleken forméiert. An dëser Nuecht kéint d’Äerd duerch genee dës Wolleken aus iwwerreschter vum Koméit fléien, wat en extrem spektakuläert Event erméigleche géif.


Opnahm vum Hubble-Teleskop vun engem Fragment, wat vum Koméit ofbrécht. Opgeholl den 18. Abrëll 2006 | Copyright: NASA/ESA, H. Weaver (APL/JHU), M. Mutchler and Z. Levay (STScI)

D’Saach ass just, dass et net genee sécher ass. Dofir gëtt vun engem “alles oder näischt”-Event geschwat. Déi aner Meteorstréim, wéi eben d’Lyriden oder Perseiden, sinn schonn zanter laanger Zäit bekannt a loosse sech dohier vun hirer Frequenz hier gutt viraussoen. Dëst ass e vergläichweis jonkt an aussergewéinlecht Event, wat dozou féiert, dass genee Ofschätzungen dozou net wierklech méiglech sinn. Sou wéi d’NASA matdeelt, mussen d’Partikelen éischtens an déi richteg Richtung katapultéiert si ginn. Dat anert ass, dass wann se bei der Fräisetzung vum Koméit net méi séier wéi 350 km/s waren, näischt dovun op der Äerd wäert ukommen. Et gëtt also immens spannend.

Nordamerika huet bescht Konditiounen

Sollt d’Äerd duerch dës Schwäif fléien, dann hätt Nordamerika déi bescht Chancen. Soubal et däischter ass, soll do nämlech de Maximum vun der Aktivitéit antrieden, wann se dann tatsächlech antrëtt. Wëssenschaftler schwätze vun enger dose Stäreschnäize an der Sekonn. Fir ze vergläichen: wärend dem Meteorstroum vun de Perseiden kënnen am Idealfall 100 Exemplarer an der Stonn observéiert ginn.

Mëtteleuropa huet keng esou eng gutt Chancen, well de Maximum vun de potenziellen Antrëtter eréischt dann soll erreecht ginn, wa bei eis d’Sonn erëm opgeet. D’Sonneliicht wier ze hell a géif d’Stäreschnäizen leider komplett iwwerblenden.

Et gëtt awer Hoffnung

Déi nächst Chance, awer eppes vun dësem éischter ongewéinleche Stäreschnäize-Stroum ze gesinn, ginn et am Juli an am August. D’Reschter vum Koméit kräize sech dann erëm mat der Ëmlafbunn vun eiser Äerd.