Alpen: Geféierlech Situatioun duerch 4 Meter Neischnéi, Iwwerschwemmungen a Lawinnen

Am Alperaum schléit de Wanter an de nächste Stonnen an Deeg sou richteg zou. Nieft erwaarte Neischnéimasse vu bis ëm 4 Meter soll et och nach zu Iwwerschwemmungen an och der Gefor vun Äerdrëtsch a Lawinne kommen.

Déifdrockgebitt dréckt widder d’Alpen

En Déifdrockgebitt zitt vum Mëttelmier hier a Richtung Alpen an dréckt do mat senge Nidderschléi widder d’Bierger. Aus dësem Grond kënnt et vun elo un bis de Méindenowend zu deels extremen Entwécklungen duerch massive Schnéifall, Iwwerschwemmungen, méiglechen Äerdrëtsch an d’Gefor vu Lawinnen. Schonn um Dënschde soll sech dat nächst Déifdrockgebitt a Richtung Alpe maache, wat awer keng sou eng extrem Auswierkunge méi sollt mat séch bréngen – op mannst den aktuelle Modellrechnunge no.


D’Schnéi-Akkumulatioune bis an de spéide Méindenowend eran | Grafik: wxcharts.com

De Schnéifall konzentréiert sech haaptsächlech op Géigende wéi Südtirol, d’Ëmgéigend vun Udine, Osttirol & Kärnten. De Wiedermodeller no sollen do zu Schnéi-Akkumulatioune vun tëscht 2 a 4 Meter kommen. Wat de Wand betrëfft sinn op de Koppe vun de Bierger Orkanstéiss vun tëscht 120 an 150 km/h méiglech. Zesumme mat de massive Schnéifäll geet och de Risk vu Lawinnen an d’Luucht.

Net nëmme Schnéi, mee och massiv Reequantitéiten

An den Déiflage vun de Géigenden Osttirol, Kärnten, Slowenien an de Nordoste vun Italien kënnt de meeschte Nidderschlag als Reen erof. Et ass also wärend der Period vun der Prognos net nëmme mat erhiefleche Neischnéimassen ze rechnen, mee och mat Iwwerschwemmungen duerch extrem Reequantitéiten. Den däitschen ICON rechent an de betraffene Gebitter mat Reequantitéite vun tëscht 100 a 580 l/m², plazeweis kënnen och 600 l/m² geknackt ginn. Net nëmmen dat féiert zu Iwwerschwemmungen, mee och de Schnéi soubal dat méi mëllt Tau-Wieder asetzt.


An den Déiflagen ass mat extremem Reen ze rechnen | Grafik: wxcharts.com

Schnéifallgebitt breet sech aus

De Schnéi breet sech de Weekend iwwer och weider a Richtung Norden aus. Duerch d’Verlagerung vum Déif a Richtung Nordweste vun Däitschland ass och am südlechen Däitschland mat nennenswäerte Schnéihéichten ze rechnen. Direkt um Alperand si 50 cm méiglech, südlech vu Stuttgart a Baden Württemberg sinn tëscht 10 an 30 cm méiglech. Dem europäeschen ECMWF no geet och an eiser Groussregioun d’Warscheinlechkeet vu Schnéi an d’Luucht, et gëtt de Moment mat iwwer 5 cm Neischnei gerechent, an der Äifel sinn och bis 20 cm méiglech.