Am Aen halen: Vum Samsdemëtten u markanten Dauerreen méiglech

Déi aktuell Modellrechnunge ginn Hiweiser op eng méiglech Dauerreen-Situatioun, déi sech vu muer de Mëtten u soll astellen. Besonnesch an der Nuecht op e Sonnden wiere gréisser Reenzomme méiglech.

Advertisement

D’Situatioun

Engersäits passéiert eis muer eng Kalfront, anerersäits dréckt an der Nuecht op e Sonnde nach en Déifdrockgebitt mat sengem Kär eran. Wéi d’Modeller et an Tëschenzäit gesinn, ka sech doduerch eng Dauerreen-Situatioun iwwert eise Géigende breet maachen. Warnrelevant Reequantitéite si net ausgeschloss. Vum Sonndemëtten u kënnt aus Westen erëm héije Loftdrock eran, wouduerch sech d’Situatioun séier bessert.

De Verlaf

An der Nuecht op e Samsde fannen ëmmer méi Wolleken de Wee op Lëtzebuerg, dohier gi Schaueren och ëmmer méi warscheinlech. D’Warscheinlechkeet klëmmt awer virun allem vum Samsdemoien un, well eis jo d’Kalfront ëmmer nach net passéiert huet an ëmmer méi no kënnt. De Passage geschitt vum Mëtten/Nomëtten un – spéitstens dann reent et op de meeschte Plazen. Punktuell kënnen och méi kräfteg Schliet oder och mol e vereenzelt Donnerwieder mat agelagert sinn.


De viraussiichtleche Verlaf laut ICON-EU-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Iwwerdeems huet sech e weidert Déif vum fréie Moie vum Südweste vu Frankräich a Richtung Nordfrankräich virugeschafft. Dëst Déif wäert an der Nuecht op e Sonnden iwwert eis Géigenden ewechzéien, de Kär dovu kéint esouguer net all ze wäit ewech sinn. Déi exakt Positioun vum Kär mécht aus, wéi vill et zu Lëtzebuerg wäert reenen – dësen Détail kläert sech awer nëmme kuerzfristeg. De Reen kann nach bis an de fréie Sonndevirmëtten eran unhalen.

Déi méiglech Reenzommen

Wéi üblech, rechnen déi méi grob opgeléist Modeller mat manner Reen wéi déi héichopgeléist – wat logesch ass. Mol kucken, wat eise Modellverglach ergëtt. Uginn sinn d’Reenzommen, déi tëscht dem Samsdemoien 08 Auer an dem Sonndemoien 08 Auer sollen erofkommen:

  • GFS: 14 – 24 l/m²
  • ECMWF: 17 – 21 l/m²
  • ICON-D2: 10 – 60 l/m²
  • ICON-EU: 14 – 48 l/m²
  • UKMO: 1 – 35 l/m²
  • Swiss-MRF: 7 – 15 l/m²
  • SuperHD: 10 – 75 l/m²

Wa mir d’Moyenne vun dësen ausgesichte Modeller huelen, da komme mir bei tëscht 10,4 an 39,7 l/m² eraus. Am Norden a Nordweste besteet, Stand aktuell, déi héchst Warscheinlechkeet vu potenziell warnrelevante Reenzommen. Am Endeffekt kënnt et awer dorop un, wou genee déi stäerkt Segmenter vum Reegebitt duerchzéien. Engersäits waarde mir also elo mol nach d’Modellrechnungen of – deemno wat déi erginn gëtt mat enger Warnung reagéiert. Anerersäits kann awer och en Hiweis a Fro kommen, deen kann op eng Warnung eropgestuuft ginn, wa sech ergëtt, dass d’Schwelle punktuell wäerten iwwertraff ginn.

Deemno wéi sech d’Situatioun entwéckelt, wieren esouguer punktuell Iwwerschwemmunge net onméiglech. Mee mol ofwaarden…