Am Laf vun der Woch geréngfügege Risk vun engem lokale Schluet/Donnerwieder

Et ass zwar keng richteg Donnerwiederlag ze erwaarden, punktuell begrenzt kéint et dem engen oder anere Modell trotzdeem an de nächsten Deeg mol fir e kuerze Schluet duergoen.

Advertisement

Donnerwiederrisk klëmmt liicht un

Nodeems et schonn esou laang sou frëndlech a summerlech waarm ass, ass et amfong just eng Fro vun der Zäit bis et mol erëm kraacht. Fir den Ufank ass awer keng richteg Donnerwiederlag ze erwaarden, mee méi just där ganz punktuell begrenzt Schauerzellen, duerch déi et op klengstem Raum zu gréisseren Ënnerscheeder ka kommen.


Iwwert de Mëttwoch an den Donneschden erstreckt sech e geréngfügegen Donnerwiederrisk | Animatioun: wxcharts.com

Méi interessant gëtt dat Thema e Mëttwoch, well sech dann e sougenannte “Kaltlufttropfen” iwwer BeNeLux leet. Ënnert dësem Héichtendéif kënne sech am Laf vum Dag ganz punktuell Schaueren oder och eenzel Donnerwieder forméieren. Well de Wand an der Héicht zimmlech schwaach ass kéimen dës Zelle net séier vu Plaz, wat dann an extrem rare Fäll erëm kéint zu engem geréngen Iwwerschwemmungsrisk féieren. Mee verhalt Iech: Mir schwätzen hei net explizit vu Lëtzebuerg, mee engem allgemenge Beräich deen sech iwwer ganz BeNeLux erstreckt. Och en Donneschde géif ëmmer nach de selwechte geréngfügege Risk bestoen.

Déi meescht wäerte vun dëser Aktivitéit näischt matkréien. E bësse besser am Aen hale sollt een d’Thematik ronderëmt d’Donnerwieder awer haaptsächlech vun der nächster Woch un, well do deemno wéi heiansdo mol eppes aus Frankräich hier kéint eropgewandert kommen.