Amerikanesche GFS géint se all: Modell rechent mat markanter Keeltwell aus Russland

Den amerikanesche GFS suergt fir immens Spannung an de Wiederkaarten. Iwwerdeems den ECMWF eng manner kill Optioun gesäit, rechent den anere Modell mat enger markanter Keeltwell aus Russland.

Advertisement

Et gëtt immens spannend

Wéi an der lescht méi oft kommunizéiert, hu mir et de Moment zimmlech schwiereg, dass sech de Wanter iwwert eng laang Zäit bei eis breetmaache kann – virun allem am Sënn vun enger nohalteger gudder Schnéicouche. De meeschte Modeller no ass dat och ëmmer nach esou, just den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent ëmmer erëm mat engem markante Virstouss vun immens kille Loftmassen aus Russland.


D’Keeltwell aus Osten, berechent vum amerikanesche GFS | Animatioun: wxcharts.com

Verantwortlech dofir wier eng Ureiung vu staarken Héichdrockgebitter vun de britteschen Inselen aus iwwer Skandinavien bis an de Norde vu Russland eran. Duerch hir Dréiung mat der Auer kéime vum nächste Méinden un op direktem Wee polar Loftmassen op eis duergezunn, déi eis dagsiwwer wäit ënnert de Gefréierpunkt drécke géifen. Haaptsächlech an de Nuechte géife mir d’-15 Grad, wann net esouguer -20 Grad, usteieren. Wéi bei ëstleche Stréimungen esou üblech wier dat awer net mat vill Schnéi verbonnen – et wier méi de markante Frascht, deen am Virdergrond stoe géif.

Wichteg: Dëst ass just eng Iddi vum amerikanesche Modell! Dass aner Modeller net där Meenung sinn, gesinn mir elo direkt.

Europäesche Modell och kill, mee bei wäitem kee markante Frascht

Iwwerdeems de GFS vum nächste Méinden un mam luesen Ukomme vun den immens kale Loftmasse rechent, gesäit den europäeschen ECMWF e gréissert Héichdrockgebitt genee iwwer Mëtteleuropa zirkuléieren. Duerch déi zentral Zirkulatioun géif de Gros vun der Keelt ëmgeleet ginn an se wier och net esou markant. Et wier e komplett aneren Zenario wéi deen vum amerikanesche GFS.


D’Simulatioun vum selwechten Zäitraum, berechent vum ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

Den däitsche Wiedermodell ICON gesäit zwar eréischt bis de Méindemoie fréi, an awer ass vun der Ausgangslag hier keng Kombinatioun ze erkennen, déi de grousse Keelt-Schwall, deen de GFS op eis duerkomme gesäit, op Lëtzebuerg brénge géif.

Fazit

Den amerikanesche GFS ass also esou zimmlech den eenzege Modell, deen mat der grousser Keelt fir d’nächst Woch rechent. D’Situatioun ass dohier als onsécher, mee trotzdeem als spannend anzestuufen. Entweder de Modell verléiert géint all déi aner, oder e kritt sech duerchgesat an déi aner Modeller passe sech kuerzfristeg un. Météo Boulaide hält déi ganz Saach fir Iech genee am Aen.