Amerikanesche Modell géint se all: E Pak Schnéi & geféierleche Glëtz de Mëttwoch?

Am Verglach mat den anere Wiedermodeller stécht den amerikanesche Modell zanter e puer Leef markant eraus. Dëse gesäit fir de Mëttwoch nämlech e Pak Schnéi an eng geféierlech Situatioun duerch Glëtz. Wéi ass d'Situatioun de Moment anzeschätzen?

GFS-Modell bleift bei senger Iddi

D’Kaarte sinn de Moment jo esou richteg spannend. Wat d’Kuerzfrist betrëfft, suergt virun allem den amerikanesche GFS dofir: iwwerdeems all déi aner Modeller näischt bis hin zu liichte Schnéifall fir de Mëttwoch op eis duerkomme gesinn, bleift den amerikanesche GFS zanter e puer Leef konstant bei der Léisung vun engem gudde Batz Schnéi mee och enger potenziell geféierlecher Situatioun duerch Glëtz.

Klengt Déif als Ausléiser

Déi Differenzen, déi een de Moment an de Kuerzfrist vun de Modellkaarte gesäit, dréie sech alleguer ëmt e klengt Déif. Hei mol opgelëscht wat geschitt, jee nodeem wéi dëst Déif iwwer eis Groussregioun ewechzitt.

Modellverglach

Kaarten: EFFIS/ECMWF

  • Wäit südlech, Kär Géigend Stroossbuerg = wanterlech kal, mee gréisstendeels nidderschlagsfräi.
  • Net grad esouwäit südlech = wanterkech kal & Schnéifall.
  • Kär knapp nërdlech dovun/iwwer Südhallschent vu Lëtzebuerg = genee Grenz vu méi mëllen & kille Loftmassen, wouduerch Schnéi a Glëtz méiglech wier.

De Gros vun de Modeller, ënnert dësen och den europäeschen ECMWF, gesinn dat klengt Déif wäit südlech un eis laanschtzéien. D’Loftmassegrenz géif eis also net all ze vill beaflossen, wouduerch de Gros vum Nidderschlag südlech un eis laanschtzéie géif. Esou géif also och keng Gefor vu Glëtz bestoen.

De Laf vun haut den Owend um ARPEGE-Modell gesäit déi zweet Variant. Mir géifen op der kaler Säit vun der Loftmassegrenz leien. Kënnt et zu Nidderschléi, da wier definitiv Schnéi dobäi – Glëtz awer éischter net.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit, dass d’Loftmassegrenz quasi genee iwwer Lëtzebuerg ewechzéie wäert. Esou wier e geféierleche Mix aus Glëtz & Schnéi méiglech, deen vum fréie Mëttwochmoien un fir Problemer am Beruffsverkéier suerge géif. Op de Koppe wiere bis zu 7 cm Schnéi dran, am Süden an op nidderege Géigenden 2 bis 4.

Fazit:

De Gros vun alle Modeller – och déi, déi ech hei net opgezielt hunn – gesinn tendenziell e méi südleche Parcours vun dësem klengen Déif. Den amerikanesche Wiedermodell steet also zimmlech alleng mat dëser Léisung do, wouduerch den Zenario vu geféierlechem Glëtz de Moment mol nach immens geréng ass. Sollt sech eppes drun änneren, da gitt Dir dat op Météo Boulaide gewuer. Verpasst och näischt méi mat eiser gratis Météo Boulaide App – am AppStore esouwéi och am Playstore ze fannen.