Amerikanesche Wiedermodell: Wat ass aus der grousser Keelt aus Russland ginn?

E Mëttwoch ass eis an de Kaarte vum GFS e grousse Virstouss vu richteg kale Loftmassen opgefall, dee vun anere Modeller awer net esou gesi gouf. Wat ass an Tëschenzäit doraus ginn?

Advertisement

Héije Loftdrock wäert dominéieren

Zanter dem Mëttwoch si vill Stonnen & Modellleef vergaangen. An Tëschenzäit kann een d’Situatioun also schonn besser aschätzen, an dat maache mir och elo. Et huet sech natierlech esou munches geännert.

D’Wiederlag, déi sech d’nächst Woch etabléiere wäert, ass eng allgemeng gréisser Héichdrocklag iwwert dem Gros vum Kontinent. D’Berechnunge vum amerikanesche Wiedermodell GFS sinn ëmmer nach méi kill wéi déi vun den anere Modeller, mee et ass awer ganz warscheinlech, dass déi markant Keelt, déi mir e Mëttwoch an de selwechte Kaarte gesinn hunn, net kënnt.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Loftmassentemperatur bis de Sonnden an enger Woch, GFS | Animatioun: wxcharts.com

Wann een d’Berechnung vum GFS e bëssen auserneenhëlt, da gesäit een, dass fir den Ufank vun der Woch dësem Modell no en Héichdrockgebitt iwwert de britteschen Insele läit, wat fir eis relevant ass. Dëst Héichdrockgebitt beweegt sech dann am Laf vun der Woch a Richtung Osteuropa a mécht tëschenzäitlech kuerz mol d’Dieren op fir nach méi kill Loftmassen, déi aus dem ëstleche Mëttelmierraum kënnen ugezapt ginn. Dat ass de Grond, firwat d’Berechnunge vum GFS ëmmer nach méi kill sinn wéi z.B déi vum europäesche Modell.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Loftmassentemperatur bis de Sonnden an enger Woch, ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell dogéint gesäit e grousst Héichdrockgebitt iwwer Europa leien. Dat zwar och mat kille Loftmassen, mee wäitaus manner kill wéi déi, déi vum GFS berechent ginn. Zousätzlech soll duerch déi grouss Héichdrock-Glack iwwert eisem Kontinent de Wee vun der richteg killer Loft aus dem Oste vum Kontinent blockéiert ginn. Och d’Opmaache vun den Dieren aus dem ëstleche Mëttelmierraum wier ausgeschloss.

Heescht also:

Héije Loftdrock wäert kommen, egal wéi. Den amerikanesche Modell GFS well just d’Iddi vu nach méi kille Loftmasse nach net esou richteg lassloossen, iwwerdeems den europäeschen ECMWF eng roueg Wiederlag mat net all ze kille Loftmassen op eis duerkomme gesäit.

Dem momentane Stand no wiere mir vum Méinde bis e Mëttwoch mat Temperature vun tëscht 3 a 5 Grad am Dag ënnerwee. Fortsetze soll sech dat bis e Freiden inclus, ier de Samsden an de Sonnden tëscht 5 an 8 Grad méiglech wieren. Dës Wäerter si natierlech mat Virsiicht ze genéissen, well et nach “esou wäit” an der Zukunft läit.

An de Nuechte leie mir gréisstendeels e gutt Stéck ënnert dem Gefréierpunkt. Haaptsächlech wann et opkläert ass et bei Héichdrockwiederlagen typesch, dass et plazeweis mol op -6 Grad oder drënner ofkille kann.