Annerod bei Gießen: Warscheinlechen Tornado riicht gréissere Schued un

Gëschter ass am Beräich vun enger Donnerwiederzell ganz warscheinlech en Tornado entstanen, deen zu Annerod bei Gießen (180 km Loftlinn vun eis fort) gréissere Schued ugeriicht huet.

Titelbild: Feuerwehr Annerod

Advertisement

Radarbiller & Fotoe vum Schued deiten op Tornado hin

E Sonndenomëtten tëscht 16:30 a 17:00 war en Donnerwieder am Raum Gießen aktiv a war iwwer Annerod ewechgezunn. Op de Radarbiller ware beim Passage ganz däitlech Signaler op staark Rotatioun ze erkennen, déi op en Tornado hiweisen. Och op Fotoen, déi duerno op der Plaz gemaach goufe, sinn däitlech Hiweiser op en Tornado ze gesinn.

Et ass eng schmuel Schneis ze erkennen, an där de Schued ugeriicht gouf. Diecher goufen ofgedeckt, Holzbrieder wéi Projektiler duerch d’Loft gewirbelt. Nëmmen 250 Kilometer dovu fort steet eng Wiederstatioun, déi am Statiounsnetz vu Kachelmannwetter agedroen ass. Den Donnéeë no ass e Wandstouss vu 60 km/h gemooss ginn, wat also net onbedingt tornadoméisseg ass. En Hiweis dorop ass awer d’Wandrichtung, déi virdrun eng nordwestlech Wandrichtung gemooss huet an direkt nom Phänomen eng ost-nordëstlech. Dëst ass e kloren Indice op en Tornado. Am Fall vun engem Downburst, also enger kräfteger “Fallböe” vun engem Donnerwieder, hätt d’Wiederstatioun däitlech méi héich Vitesse gemooss.

Weider Informatiounen iwwert de Fall inkl. Radarbiller fannt Dir ënnert dësem Link.