Arctic Outbreak: Erwiermung a Siicht

Bei eis zu Lëtzebuerg wärt ët nach eng Zäitche kaal bis extrem kaal bleiwen, ier ët lues a lues rëm biergop mat eisen Temperature geet.

Méi mëll Deeg a Siicht

Ier mir eis déi méi mëll Temperaturen ukucken, kommen ech zum weidere Verlaaf vun der aktueller Keelt ze schwätzen. D’Modeller si sëch eenëg, dass ët mol nach bis den éichte März esou bleift, wéi de Moment. Daat ass iwwrëgens de meteorologësche Fréijoersufank. An de Nuechte ginn d’Temperaturen ëmmer rëm ënner -10 Grad zréck, am Daag leien se zwëschen -7 a 0 Grad.

Ab der zweeter Halschend vun der kommender Woch ass mat méi Wollécken ze rechnen, och d’Temperature klammen. An de Nuechte sinn aktuelle Simulatioune no nach minimal -10 Grad dran, daagsiwwer kraatzen se rëm un de Plusgraden. Dobäi klëmmt dann och, virun allem ab dem 2. März, de Risk vu Schnéischauere lues a lues rëm. Wéi vill Schnéi do ze erwaarden ass, kann aus aktueller Siicht awer nach nët gesoot ginn. D’Modellrechnunge ginn einfach nach ze wäit auserneen.

Gläichzäitëg ass e weideren Ustieg vun den Temperaturen ze erkennen. Bleift ët sou ähnlëch wéi elo, da géife mir an der éichter Märzhalschend ëmmer méi an de Plusberäich gerooden, haaptsächlëch daagsiwwer.

Onsëcherheeten?

Alles, waat no dem 3. März kënnt, ass zimmlech onsëcher. Op dësem Ensemble ass ze gesinn, wéi de Spread vun de Memberen ëmmer méi grouss gëtt. Während déi meecht Memberen en Opwärtstrend aschloen, ginn ët der och ë puer wéinëg déi der Meenung sinn, dass ët rëm méi kaal gëtt. D’Wiederlaag bleift also bis op weideres spannend, virun allem de Schnéi kéint demno wéi nach eng gréisser Roll spillen.

Ensemble: meteociel.fr