App & Websäit: Neien techneschen Challenge

Gudde Mëtten! Dëst ass e kuerzen Informatiounspost iwwert den aktuellen “neien” techneschen Zoustand vun dësem Weboptrëtt.

Problemer mat der technescher Performance

Wéi erwaart, ass den Traffic op dëser Internetsäit zanter dem Release vun der App de leschte Freiden gewuess – mee dass en awer esou wiist, koum bëssen iwwerraschend. Den ale Server-Setup verkraaft dëse neien Challenge net sou ganz, wouduerch et gären zu Performance Problemer kënnt, déi sech heiansdo duerch net-erreeche vum Site/net luede vun der App weist. Mir sti mam Hoster a Verbindung a probéieren dës Problemer sou gutt a séier et geet aus dem Wee ze schafen.

Zweet Saach: D’Säite “Wiederprognosen” a “Wiederwarnunge” léisen de Moment och Problemer aus. Ech ka se aus engem net bekannte Grond net bearbechten, ouni dass de Site ofstierzt. Mir ginn déi méiglech Grënn no a no duerch an hunn am Fall vun de Fäll och eng Noutléisung parat, fir dass Dir sou séier et geet erëm d’Prognosen an aktueller Form an Ärem “Wiederprognosen”-Tab an Ärer App kënnt kucken (dat selwecht gëlt fir Wiederwarnungen).

D’Erausgi vun Artikelen, och per Push-Noricht, funktionéiert weiderhi wéi geplangt. Mir bieden ëm Äert Verständnis – mir goufe quasi vun Iech iwwerrannt an hätte net mat dësem Succès gerechent. Merci fir Äert Vertrauen!

Hinterlasse jetzt einen Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.