“Arctic Outbreak” iwwer Osteuropa: Wéieen Afloss hätt en op Lëtzebuerg?

Elo, wou d’Wiedermodeller erëm méi kloer ginn, deit sech fir den Oste vun Europa e sougenannten “Arctic Outbreak” un. Wéi héich ass d’Warscheinlechkeet dovun, an hätt dat och en Afloss op eis?

Advertisement

Wat ass een Arctic Outbreak?

En Arctic Outbreak ass e staarke Virstouss vun äiseg kale Loftmassen direkt aus der Polarregioun. Dëse Phänomeen trëtt besonnesch a Nordamerika op, mee kënnt awer och bei eis an Europa vir. Dobäi stréimt déi äiseg Loftmass ongehënnert a méi südlech geleeë Breeten a kann do fir Temperature suergen, déi däitlech ënnert den Duerchschnëttswäerter leien. Zweestelleg Minusgrade sinn direkt ënnert dëse Loftmasse keng Raritéit.

An de Berechnunge vum europäeschen an dem amerikanesche Modell gëtt momentan ëmmer méi esou en Arctic Outbreak ugedeit, deen sech vum Donneschden un iwwer Russland mee awer och de skandinavesche Länner soll breetmaachen. Bis e Sonnde soll sech d’Keelt iwwert de Gros vum osteuropäesche Kontinent an och Russland leeën, iwwerdeems dem amerikanesche Modell no och Deeler vu Mëttel- a Westeuropa eppes dovun ofkriten. Et stéing eis also dann kuerz eng richteg kal Wiederlag un.


Déi momentan Berechnung laut dem amerikanesche Wiedermodell | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell gesäit den Arctic Outbreak zwar och fir déi osteuropäesch Länner, Skandinavien a Russland, mee wat Westeuropa betrëfft soll eis just eng liicht méi kill Loftmass erreechen. Och den däitsche Modell ICON-EU, deen vun der Reechwäit hier aktuell just eréischt bis de 15. Februar ka rechne, gesäit och eng Undeitung dofir, dass aus Nordosten däitlech méi kill Loftmasse méi no komme sollen.


Déi momentan Berechnung laut dem europäesche Wiedermodell | Animatioun: wxcharts.com

Den zwee Modeller no besteet momentan op alle Fall d’Warscheinlechkeet, dass Deeler vun der Nord- an Osthallschent vun Däitschland, Tschechien, Polen, den Oste vun Eisträich, d’Slowakei an d’Ukrain eppes dovun ofkréien, fir just e puer Länner ze nennen. Wann déi momentan Berechnunge net all ze vill änneren, da kéint d’Keelt esouguer bis an de Balkan virrécken.

Déi momentan Siicht op Lëtzebuerg

Déi nächst Modell-Leef ginn op alle Fall méi genee am Aen gehalen, zumools well awer Léisungen dobäi sinn, déi och bei eis heiheem eng knackeg Keelt fir net ausgeschloss halen. Op d’mannst dem amerikanesche Modell no géif dës awer net all ze laang unhalen, de Maximum dovu gëtt fir e Sonnden an e Méinde berechent. Den europäesche Modell huet fir däitlech méi spéit, ronderëmt den 22. Februar, e méi markante Keelt-Peak fir Lëtzebuerg an de Berechnungen. Mee well et nach esou laang ass bis dohin, kann a wäert sech dat nach e puer mol änneren.

Stand elo kann et also och bei eis kuerz kal ginn, iwwerdeems sech de Gros haaptsächlech méi wäit ësltech vun eis soll ofspillen. Mir halen dat Ganzt weiderin am Aen.