ASTA: 2022 war dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank (1838)

De nationale Wiederdéngscht vun der ASTA mellt dat wäermst Joer zanter 1838 zu Lëtzebuerg.

Advertisement

Ënnerscheed AgriMeteo & MeteoLux

Iwwerdeems de staatleche Wiederdéngscht MeteoLux 2022 dat zweetwäermst Joer um Findel registréiert huet, ass et um Statiounsnetz vum staatleche Wiederdéngscht vun der ASTA dat wäermst zanter 1838 gewiescht. Firwat ass dat esou?

Den éischte Punkt besteet doran, dass MeteoLux just iwwert 1 eenzeg Referenzstatioun am Land verfüügt, an dës steet um Fluchhafen um Findel. D’Netz vun der ASTA besteet awer aus 36 Wiederstatiounen, déi eng vill méi grouss Fläch vum Land ofdecken. D’Statioun um Findel alleng ass also net wierklech representativ fir dat ganzt Land.

Den zweete Punkt ass deen, dass MeteoLux eréischt zanter 1947 mësst, AgriMeteo dogéint awer zanter 1838. D’Donnéeën iwwert de Klima zu Lëtzebuerg vun AgriMeteo hunn also däitlech méi Gewiicht. D’Verschmëlze vun den zwee Déngschter géif am Allgemengen d’Meteorologie zu Lëtzebuerg (inkl. Warnmanagement) en Tick méi transparent & effizient maachen.

ASTA mellt dat wäermst Joer

Zréck bei d’Donnéeë selwer. D’Duerchschnëttstemperatur vum Joer 2022 war mat genee 11 Grad däitlech méi héich wéi de Wäert aus der Referenzperiod vu 1991-2020. Et war dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank, also zanter dem Joer 1838. Wat de Reen betrëfft ass och e gréisseren Defizit opgetrueden: Vu soss normalen 834,4 l/m² sinn am vergaangene Joer 716 l/m² erofkomm.

De Wanter war 1,3 Grad ze waarm, reentechnesch war et besonnesch am Südwesten an och am Nordosten ze dréchen. Am Fréijoer ass eng Temperaturanomalie vun tëscht +0,3 a +0,8 Grad opgetrueden, dobäi koum et och weiderhin zu gréissere Nidderschlagsdefiziter. Zu Kënzeg ass e Minus vun 112 l/m² registréiert ginn.

De Summer war den zweetwäermsten zanter 1838, dat mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 19,3 Grad. Et war de Summer mat de meeschte Summerdeeg (Temperatur >25°C) an och Hëtztdeeg mat Wäerter vun iwwer 30 Grad – zwee Rekorder also. A Saache Reen war et den dréchenste Summer zanter 1921 an de siwent-dréchensten zanter 1854. Zesumme mat der Hëtzt am Summer & der Dréchent zanter dem Mäerz war et iwwer d’Joer gekuckt déi stäerkst Dréchent bis ewell.

Den Hierscht war zesumme mat 2005 de véiertwäermsten zanter 1838, dat mat enger Moyenne vun 11,1 Grad. Verglach mat der Referenzperiod vu 1991-2020 leien d’Anomalien tëscht 1,3 an 1,6 Grad. Anescht wéi an den anere Méint huet et mat Anomalien vun tëscht 16,7 an 91,7 l/m² méi gereent.

Sourcen: AgriMeteo