Asteroid vum Méindemoien: Stécker dovun als Meteoritten an der Normandie fonnt

An der Nuecht op de Méinde war en 1 Meter groussen Asteroid an d’Atmosphär iwwer Nordfrankräich agedrongen – den Impakt konnt esouguer virausgesot ginn, wat bis ewell eréischt siwe mol gelongen ass. Elo goufe Stécker dovun (Meteoritten) fonnt.

Titelbild: International Meteor Organization

Advertisement

Asteroid net vollstänneg vergléit

Nodeems den Asteroid Sar2667 (2023 CX1) e Sonndenowend, 12. Februar 2023 um 21:18 Auer vum Asteroidenentdecker Krisztián Sárneczky entdeckt gouf, gouf säin Andréngen an d’Äerdatmosphär fir tëscht 03:50 a 04:03 Auer virausgesot. Den Objet ass dunn och wéi geplangt net wäit ewech iwwer Rouen erofkomm an ass gréisstendeels vergléit. Wéi d’Fuerscher an de leschten Deeg awer matgedeelt hunn, hunn et esouguer Stécker dovun op de Buedem gepackt – siwe Stéck si bis ewell fonnt ginn. Dës Stécker sinn also vum Asteroid ofgebrach an dunn als Meteoritten an der Normandie bis ganz erofkomm. Et gëtt vermutt, dass nach sëlleg weider Meteoritten hire Wee op de Buedem fonnt hunn.

Méiglecherweis ass e gréissert Stéck mat engem Gewiicht vun ongeféier 3 Kilo vum Asteroid ofgebrach, deen duerno als Meteoritt gelant ass. Mir ginn dovun aus, dass eng gréisser Unzuel u klenge Meteoritten mat enger Mass vun e puer 10 Gramm och kéinten de Buedem erreecht hunn.

– Dëst huet d’International Meteor Organization matgedeelt. En détailléierte Blogpost mat enger Grafik zu den Zonen, wou dës kleng Objeten erofkomm sinn, fannt Dir hei.