Atlantik: Potenziell zukünftegen Tropestuerm NADINE ënner Beobachtung

Zumools d’lescht Woch huet een immens vill iwwer Tropestierm an Hurrikanen héieren. Elo, wou et kuerz méi roueg ass, kéint sech geschwënn e weidere Stuerm forméieren. De nächste Numm an der Lëscht ass NADINE.

Advertisement

Bis ewell 13 Stierm

D’Hurrikansaison ass offiziell den 1. Juni ugaangen an dauert nach bis den 30. November. Zanterdeems hu sech 13 Tropestierm forméiert, dorënner 9 Hurrikanen. Ënnert dësen Hurrikanen ware 4 Stierm “Major Hurricanes”, wat heescht, dass se eng Intensitéit vun op d’mannst der drëtter Kategorie erreecht hunn. Mat engem Schued am Wäert vu méi wéi 80 Milliarden Dollar ass d’Saison bis elo déi véiert deierst zanter Opzeechnungsufank.


Den X markéiert d’Gebild mat de Schaueren a Wiederen, déi onmëttelbar ronderëmt en Déifdrockkär kreesen | Grafik: hurricanes.gov

Folgend Nimm koumen dës Saison bis elo an de Gebrauch: Alberto, Beryl, Chris, Debby, Ernesto, Francine, Gordon, Helene, Isaac, Joyce, Kirk, Leslie a Milton. De nächste Numm an der lëscht ass Nadine – duerno kéime nach Oscar, Patty, Rafael, Sara, Tony, Valerie a William. Ob dës fir de Rescht vun der Saison nach an den Asaz kommen, ass ongewëss.

NHC iwwerwaacht potenziell Entwécklung um Atlantik

Nach ass d’Hurrikansaison net eriwwer: Matten iwwert dem Atlantik gruppéiere sech Schaueren an Donnerwieder an dréine ronderëmt en Déifdrockkär. Wéi de National Hurricane Center matdeelt, besteet iwwert déi nächst siwen Deeg gekuckt eng 40%eg Warscheinlechkeet, dass sech aus dësem en Tropestuerm entwéckle kéint.


Déi aktuell Berechnungen zur “Area Of Interest” | Grafiken: tropicaltidbits.com

D’Wiedermodeller berechnen, dass sech de potenzielle Stuerm an de nächsten Deeg a Richtung Karibik beweegt. Vun der Intensitéit hier ginn d’Berechnungen awer bis ewell dovun aus, dass d’Entwécklungen et am warscheinlechste just op de Status vun engem Tropestuerm sollte packen. Aner Léisunge ginn a Richtung Hurrikan vun der éischter oder zweeter Kategorie, mee dat muss nach ofgewaart ginn.