“Atmosphäresche Floss”: Deels méi wéi 200 l/m² Reen an de Bierger vu Norwegen

E sougenannten “atmosphäresche Floss” trëfft haut op d’Bierger a Norwegen a produzéiert doduerch deels méi wéi 200 l/m² an Zäit vu just 24 Stonnen.

Advertisement

Weidere Staarkreen um Kontinent

Nieft de schroe Biller, déi weiderhin aus dem Osten a Süde vu Spuenie kommen, reent a schneit et vun elo bis muer immens vill a Norwegen. Schold drun ass e sougenannten “Atmospheric River”, also e Band un immens fiichtegkeetsgesiedegter Loft, deen vum Atlantik hier widdert d’Bierger gedréckt gëtt. Als Ënnerstëtzer déngt dobäi den Jetstream, deen aktuell iwwert der selwechter Regioun zimmlech staark ausgepräägt ass.


Den atmosphäresche Floss, deen op Norwegen trëfft, gëtt vun engem staarken Jetstream ënnerstëtzt | Grafiken: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Wiedermodeller no komme bis an de Freidemoien eran tëscht 100 an 250 l/m² Reen/Schnéi zesummen, wat de Risk vun Äerdrëtsch an Iwwerschwemmunge mat sech bréngt. Glécklecherweis liewen do uewen awer net grad esou vill Leit wéi an den Iwwerschwemmungsgebitter a Spuenien, wat d’Situatioun wéinstens e bëssen “entschäerft”. An trotzdeem: Deemno wou een a Norwegen wunnt, kéint et zu geféierleche Situatioune kommen. Besonnesch betraff sinn d’Bierger ëstlech vu Bergen a Haugesund – wat flossofwäerts sécherlech och fir Iwwerschwemmunge ka suergen.