
Um Freiden de meeschte Reen
Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 5 bis 12 l/m² bis un de Schluss vum Prognosen-Zäitraum, also de Méindemoie fréi 0h. Vun dëser Zomm ass esou gutt wéi méiglech dat ofgerechent, wat ongeféier zum Zäitpunkt vun dësem Beitrag schonn gefall ass. Dat selwecht gëlt fir déi aner Modeller. Den europäeschen ECMWF gesäit nach 4 bis 9 l/m² op eis duerkommen. Haaptsächlech an der Nordhallschent soll de meeschte Reen erofkommen.

De franséischen ARPEGE ass mat 5 bis 10 l/m² dobäi an huet och de Norden am Viséier. Vun der Verdeelung hier gesäit och den däitschen ICON dat net vill anescht, dat mat Akkumulatioune vun tëscht 3 an 8 l/m².
Hëlt een den Duerchschnëtt vun de jeeweils genannten Donnéeë, da sollte mir um Schluss vun der genannter Period bei tëscht 4,25 a 9,75 l/m² ukommen. De weidere Verlaf fir déi nächst Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.