Ausbléck am Schnellduerchlaf: Changement vum Mëttwoch un

Ier mir d’nächst Woch méi genee drop aginn, kucke mir eis schonn mol ganz kuerz un, wat Saach ass.

Advertisement

D’Gefisems ass geschwënn eriwwer

De Weekend iwwer dominéiert gro a liicht naasst Wieder duerch Fisemreen. Wéi gutt, dass dat awer geschwënn eriwwer ass! Oder awer net?

Jo et wäert eppes änneren, mee dat bréngt eis net onbedingt bessert Wieder. D’Modeller confirméieren mat hire leschte Leef, dass eis vu Mëtt der Woch un en Ëmschwong a Richtung Westwiederlag bréngt. Dat heescht, dass vu Westen hier ëmmer erëm Frontesystemer an Déifdrockgebitter eragezu kommen. Doduerch gëtt et méi lëfteg an och méi naass.


De viraussiichtleche Verlaf vun der nächster Woch | Animatioun: wxcharts.com

Am Laf vum Virmëtte vum Mëttwoch kënnt vu Westen hier déi éischt Front mat flächendeckendem Reen eran, dobäi sinn och kräfteg Wandstéiss ze erwaarden. Den aktuelle Berechnunge no ka sech dat dann bis e Sonnden ëmmer erëm widderhuelen. Fir d’Nuecht op de Méinden a gutt enger Woch gëtt aktuell och ëmmer nach eng minimal Warscheinlechkeet vun engem Schnéi-Comeback berechent – dozou awer zu engem spéideren Zäitpunkt méi.

Gëtt et dann och méi kal?

Och wa mir duerch déiwe Loftdrock méi schlecht Wieder kréien, heescht dat net direkt och méi niddereg Temperaturen. Bis en Donneschde ginn am Dag 6 bis 9 Grad erreecht. Vum Donneschde selwer bis e Samsden inclus ginn esouguer knapp iwwer 10 Grad berechent, ier et dann vum Sonnden un gutt 5 Grad méi kal soll ginn. An der nächster Woch kéime mir dagsiwwer dem Gefréierpunkt erëm méi no.