Ausbléck: An de nächste Nuechte Buedemfrascht méiglech

An der nächster Nuecht ass mat engem kloren Himmel ze rechnen. Et killt dohier plazeweis uerdentlech of.

Déi nächst Nuecht kéint déi killst vum meteorologeschen Hierscht bis ewell ginn. Mir stinn ënner Héichdrockafloss, den Himmel kläert op. Eis Temperature kënnen dobäi nawell uerdentlech falen.

Haaptsächlech bezitt sech dësen Artikel op de Norde vum Land a nach méi op d’Däller. De Wiedermodeller no soll et an de fréie Stonne vum Méindemoien (tëscht 05 a 07h) op 5 bis 2 Grad ofkillen. Op Buedemniveau, also op enger Héicht vu 5 cm, si Minimalwäerter tëscht -1 an 2 Grad net auszeschléissen. Dat wier den éischte Buedemfrascht vun der Saison.

Och an der Nuecht op den Dënschde kënnen änlech Wäerter areecht ginn, ier d’Nuecht op de Mëttwoch erëm méi mëll wäert ginn.