Ausbléck: An de nächste Nuechte lokal den éischte Buedem- & Loftfrascht méiglech

Iwwerdeems et dagsiwwer zwar e klengt Stéckche méi waarm gëtt, geet et an de Nuechte weider biergof. Am keelste gëtt et wuel an den déifsten Däller.

Demnächst éischte Frascht vun der Saison méiglech

Iwwerdeems d’Temperaturen dagsiwwer muer e Mëttwoch op 13 bis 17 Grad klammen, den Donneschden op 16 bis 19 Grad an de Freiden op 17 bis 21 Grad, ass an de Nuechten duerch den deels kloren Himmel mat enger méi markanter Ofkillung ze rechnen. An de fréie Moiesstonne gëtt et also nach e Stéck méi kill wéi an de leschten Deeg, haaptsächlech an den Däller.

Wa mir eis déi momentan Modellrechnunge sou ukucken, dann ass et muer de Moie fréi (Mëttwochmoien) méiglech, dass zumools an den Däller Lofttemperature vun tëscht 1 an 3 Grad kënne gemooss ginn. Fir den Donneschdemoie ginn, Stand aktuell, tëscht -1 an 2 Grad simuléiert, ier et de Freidemoie mat tëscht 0 an 2 Grad just e klengt Stéckche méi mëll wier.

Op direktem Buedemniveau sinn Temperature vun ëm 0 Grad däitlech méi warscheinlech. Wonnert Iech also net, wann et an de nächsten Deeg op d’Schaff plazeweis ugezunn ass oder d’Vegetatioun e bësse wäiss ass.