Ausbléck: An de nächsten Deeg sinn eenzel Schnéiflacke méiglech

An de nächsten Deeg zéie nach e puer Déifdrockgebitter duerch, wou hannendrun all Kéiers wärend enger kuerzer Zäit méi kill Loftmassen erafléissen. Doduerch ginn eenzel Schnéischauere méiglech.

Wann, dann nëmme minimal Quantitéiten

Déi nächst Zeile betreffen zwar haaptsächlech déi héchst Koppe vum Land, an awer ass et e Mini-Hoffnungsschimmer fir all eis Wanterfrënn. Dës kleng Chancen op e puer wéineg Flacken hu mir Déifdrockgebitter ze verdanken, déi op hirer Récksäit wärend enger kuerzer Zäit fiicht a naass Loftmassen an d’Regioun liwweren.

Dem europäesche Wiedermodell no kënnt et um Samsdenowend tëscht 20 an 03 Auer zu Nidderschléi, déi duerch déi niddereg Temperaturen an der Héicht besonnesch am Norden op de Koppe mol als Schnéireen oder Schnéiflacken erofkomme kënnen. Op 2 Meter, also do wou mir eis beweegen, sollen et iwwerdeems 0 bis 2 Grad an der Nordspëtzt sinn. Opgrond vun de gerénge Quantitéite sollt do net vill méi wéi allerhéchstens mol en dënne Flom kënnen zustane kommen (wann iwwerhaapt), glat Stroosse sinn awer méiglech. An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Sonnde klammen d’Temperaturen erëm séier, déi kleng Schnéiwarscheinlechkeet ass also séier fort.


D’Situatioun um Samsdenowend laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

Och um Méinden kann eis déi eng oder aner Schnéischauer erreechen, dat nodeems eng Kalfront iwwert eis ewechgezunn ass. Eng nohalteg wanterlech Situatioun ass awer ëmmer nach keng ze erwaarden.


D’Situatioun um Samsdenowend laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com