Ausbléck: An der zweeter Wochenhallschent bléist zäitweis e stramme Wand

Vun der zweeter Wochenhallschent u gerode mir nach méi an d’Viséier vun Déifdrockgebitter, déi deels nëmme knapp westlech un eis laanschtschrammen. Dëst huet och en Afloss op eis Wandvitessen – dës falen deemnächst nämlech méi stramm aus.

Advertisement

Déifdrockkomplex schéckt Randdéifer mat strammem Wand

De Moment läit e groussen Déifdrockkomplex iwwert de britteschen Inselen, an doru wäert sech och an de nächsten Deeg net all ze vill änneren. Um Rand vun dësem Déifdrockkomplex forméiere sech deemnächst och ëmmer erëm kleng Déifer, och nach Randdéifer genannt. Dës sinn dofir bekannt, zimmlech kleng mee dofir séier ënnerwee ze sinn – a kënnen an dësem Fall hei wuel an de nächsten Deeg fir méi lëfteg bis hin zu fläit esouguer stiermeschen Ofschnëtter suergen.

De Verlaf

De Mëttwoch ännert mol nach net all ze vill, ier et dann en Donneschden e klenge Changement gëtt. Den europäesche Modell, esouwéi awer och méi héichopléisend Modeller wéi beispillsweis den ICON-EU, rechnen den Donneschde mat Wandspëtzte vu bis ëm 65 km/h. Am Fall vun enger lokaaler méi kräfteger Schauer kéint et fläit och mol liicht driwwer goen. Och e Freide wier et lëfteg, allerdéngs wiere mir do mat “just” bis ëm 55 km/h ënnerwee, an dat tendenziell och méi laanscht de Weste vum Land.


D’Wandvitessen, déi fir en Donneschde vum ICON-EU berechent ginn | Grafik: wxcharts.com

Fir e Samsde ginn et nach e puer Differenzen an de Modellkaarten, an awer schénge Wandstéiss vun tëscht 50 a 60 km/h net onwarscheinlech ze sinn. E Sonnde wier en dann erëm däitlech manner markant ënnerwee. Fir e Méinde gesäit den europäesche Modell d’Potenzial vun engem richtege Stuermfeld, dobäi wiere virun allem laanscht de Westen an och op de Koppe Stuermstéiss bis ëm 80 km/h méiglech. Well déi aner Modeller awer bis ewell näischt dovu wëlle wëssen, sollt een dëst net op d’Goldwo leeën.