Mam Ofzéie vun der Kalfront setzt sech méi rouegt Wieder zu Lëtzebuerg duerch. Geet et de neiste Modellrechnunge no, da kann et och nach a gutt enger Woch esou änlech ausgesinn.
Hannergrondkaart: DWD
D’Kalfront ass duerch
D’Kalfront, vun där mir an der Prognos fir haut geschwat hunn, ass duerch – e Bléck eraus weist dëst ganz schéin, d’Sonn ass mëttlerweil an der Haaptroll an et zéien e puer harmlos Wolleken duerch. Wéi an de leschten Artikelen betount, setzt sech elo vu Westen/Südwesten hier en Héichdrockgebitt duerch.
Dëst Héich ass net einfach en eenzelt Héich, mee et ass e ganze Konstrukt deen sech deemno wéi bis an enger Woch ka bei eis halen. Déi eng oder aner Stéierung dotëscht ass méiglech – mee ongemittlech duerch vill Reen oder Wand sollt et elo erëm eng Zäit laang net ginn.
Wat bréngt dat alles mat sech?
Keng markant Wiederphänomeener op alle Fall. Den eenzege Faktor, deen d’Prognos zäitweis e bësse ka stéieren, ass de Niwwel. Dëst ass zur momentaner Joreszäit nämlech ganz normal, dass de Niwwel vun de Modeller net zu 100% korrekt kann ageschat ginn. Net wonneren also, dass trotz vill Sonn an de Prognosen et awer heiansdo dréif duerch de Niwwel bleift. Wat genee de Grond dofir ass, kann een hei noliesen.
Kommt mir kucken eis déi nächst 7 Deeg am Schnellduerchlaf un: De Weekend iwwer ass et roueg, just kann et eben och mol gro sinn duerch de Niwwel. D’Temperature packen et am Dag op tëscht 4 an 8 Grad, an de Nuechte geet et lokal op bis zu -5 Grad zréck. Wa Dir also eppes geplangt hutt, dann denkt drun, eventuell méi Zäit fir ze krazen anzeplangen. Glat Streckenofschnëtter sinn och net auszeschléissen.
Wat déi nächst Woch betrëfft kann ee fir all Dag soen, dass sech d’Sonn just weise kënnt, wann de Niwwel et gutt mat eis mengt. Et sollt awer e puer mol de Fall sinn. Vun de Nidderschléi hier sollte mir dem amerikanesche Modell no ouni nennenswäert Zommen doduerchkommen. Dem europäesche Modell no kéint en Dënschdenowend eng kleng Stéierung mat e bësse Reen dobäi sinn, d’selwecht och tëscht dem Donneschden an dem iwwernächste Sonnden. Fest steet awer: Ob Stéierungen oder net, wierklech grouss a nennenswäert Zommen komme net erof.
D’Temperature packen et op déi ganz Woch gekuckt op Héchstwäerter vun tëscht 6 an 10 Grad.