Ausbléck: Bal fréijoersméisseg Temperaturen an der neier Woch?

Dat aktuellt Wiedergeschéie léisst et net zou, dass sech de Wanter bei eis duerchsetze kann – am Géigendeel: d’Temperature schénge weider ze klammen.

Wanterwieder huet weiderhi net déi bescht Chancen

An de leschten Deeg ass et, trotz de vun de Modeller simuléierte bis zu 6 cm op de Koppe, just fir en dënne Flom duergaangen. Nom Duerchgang vun enger Kalfront, deen um Freide stattfanne soll, kommen erëm polar Loftmassen eragezunn. Bis an de fréie Sonndemoien era sinn e puer eenzel a lokal Nidderschléi ze erwaarden, déi doduerch erëm als eenzel Schnéiflacken erofkomme kënnen. Mee och dann gëlt erëm, dass dëst séier Schnéi vu gëschter wäert sinn. Schonn am Laf vum Sonnde gëtt et lues a lues méi waarm, op mannst mol an de méi héije Loftschichten.


De Verlaf vun der Grousswiederlag bis Ufanks der nächster Woch | Animatioun: wxcharts.com

Erwiermung um Méinden

Déi richteg Erwiermung soll de Modeller GFS an ECMWF no dann um Méinde kommen. De Grond dofir ass en Héichdrockgebitt, wat sech mat sengem Kär iwwert dat südlecht Mëtteleuropa leeë wäert. Dëst transportéiert dann en Deel vun de mëlle Mëttelmiertemperaturen an eis Géigenden, wouduerch och heiheem d’Temperature klamme wäerten. Dëst heescht dann natierlech och, dass d’Chancen op wanterlecht Wieder weider zréckgoe wäerten. Wann d’Modellrechnungen esou bleiwe wéi de Moment, da kéinte mir um Méinden an och um Dënschden duerchaus mol un Temperature krazen, déi op iwwer 10 Grad erausschéisse kënnen.


D’Temperaturanomalie op 2 Meter Héicht fir de Méinden | Grafik: wxcharts.com

Iwwerdeems wiere net all ze vill Nidderschléi ze erwaarden: soubal sech de Niwwel mam Fisemreen opgeléist huet, hätte mir e Mix aus Sonn a Wolleken ze erwaarden.

Och an den Deeg drop soll et gréisstendeels mat héijem Loftdrock virugoen. Dem europäeschen ECMWF no op eng weiderhi mëll Aart a Weis, den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent awer direkt erëm mat méi nidderegen Temperaturen. Sollt sech den Zenario vum amerikanesche GFS duerchsetzen, da géif et meeschtens dréche bleiwen an an de Nuechte kéim groussflächeg de Frascht zréck. Schnéi wier dann awer keen dobäi, do sinn sech déi zwee Modeller eenz.