Ausbléck an den Dezember: Ëmmer erëm fraschteg mat Schnéi-Déifer

Eis schéngt eng zimmlech wanterlech nächst Woch unzestoen - dat mat Temperature no um Gefréierpunkt oder drënner an ëmmer erëm Déifdrockgebitter déi eis Schnéi kënne bréngen.

Déi viraussiichtlech Grousswiederlag

Mir hunn an der nächster Woch e puer interessant Zenarien déi kënnen ustoen. Den éischten erwaart eis schonn mol direkt um Méinden duerch en Défidrockgebitt, wat vun de britteschen Inselen aus a Richtung Lëtzebuerg gezu kënnt. Dëst zitt fiicht, mee awer och kill Loftmassen an eis Géigenden a ka fir méi groussflächegen a kräftege Schnéifall suergen. Méi dozou fannt Dir am ausféierlechen Update vu gëschter.


De méigleche Verlaf bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Vum Dënschdenowend un bis an de Mëttwoch eran kritt sech héije Loftdrock duerchgesat, deen vum Donneschden un erëm vun Déifdrockgebitter ënnerbrach gëtt. Generell schéngt eis also eng déifrockdominant nächst Woch unzestoen, déi just heiansdo mol eng Paus duerch héije Loftdrock kritt. Duerch déi antizyklonal Stréimung, also géint d’Auer, ginn ëmmer erëm fraschteg bis polar Loftmassen aus dem héije Norden ugezaapt.

De Verlaf

No dem interessante Méinden erwaart eis viraussiichtlech en zimmlech killen Dënschden, mee e sollt gréisstendeels dréchen ausfalen. D’Temperaturen klammen op e Maximum vun tëscht -1 an héchstens 2 Grad an der Nordhallschent, am Süde vum Land si mir bei 2 bis 3 Grad ënnerwee. En änlechen Dag steet eis e Mëttwoch un, just ganz vereenzelt zitt mol eng schwaach Schnéi- oder Schnéireenschauer duerch.


Potenziellt Schnéidéif en Donneschden | Kaart: wxcharts.com

E weidere potenziell interessanten Dag gëtt den Donneschden. Et gëtt e Schnéidéif simuléiert, wat vu Frankräich hier op Lëtzebuerg an d’Saarland duergezu kënnt. Dobäi kéint et erëm zu méi kräftegem Schnéifall kommen, deen fir de Stroosseverkéier kéint relevant ginn. Weider Déifdrockgebitter, mee mat däitlech manner groussen Nidderschlagsfelder, erwaarden eis viraussiichtlech bis e Sonnden. Et kann een also dovun ausgoen, dass et ëmmer erëm mol zu eenzelne Schnéi- a Schnéireenschauere kënnt.

Temperaturméisseg si mir tëscht dem Donneschden an dem Sonnden bei ëm -1 bis 2 Grad ënnerwee, iwwerdeems et an de Nuechten quasi iwwerall fraschteg gëtt. Glat Stroosse si méiglech, besonnesch ebe wa Schnéi dobäikënnt.