Ausbléck: Bis de Freiden inclus gréisser Reequantitéite méiglech

Bis de Freiden zitt een Frontesystem nom aneren duerch, wouduerch et nawell zu nennenswäerte Reequantitéite komme kann. Och de Wand spillt eng Roll.

Uerdentlech Reequantitéite méiglech

Et ass an Tëschenzäit jo kee Geheimnis méi, dass mir an dëser Woch haaptsächlech vun déiwem Loftdrock beaflosst ginn. Iwwert dem nërdlechen Atlantik ass e ganzen Déifdrocksystem aktiv, deen eis ëmmer erëm Ausleefer a Fronten op Lëtzebuerg schéckt. Rouegt a sonnegt Wieder hu mir dës Woch also éischter net ze erwaarden. Nieft dem Reen kann och de Wand gutt zouhuelen.

Vum spéideren Donneschdenomëtten un erreecht eis eng Kalfront, duerch déi et bis ronderëmt Mëtternuecht groussflächeg reene soll. De Mëttwoch kënnt et dagsiwwer zu e puer eenzelne Schaueren, ier et um Owend erëm esouwäit ass: eng weider Front mat Reen zitt an d’Land eran a verléisst eis erëm an der fréier zweeter Hallschent vun der Nuecht op den Donneschden. Den Donneschde selwer kënnt et bis an de Virmëtten eran nach zu Schaueren, duerno kann eng kleng Paus asetzen. Um Owend sollen aus Frankräich nei Nidderschléi opgezu kommen, déi och erëm e bësse méi kräfteg ausfale kënnen.


Déi akkumuléiert Reequantitéite bis de Freiden inclus, berechent vum ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

Am grousse Ganze rechent den europäesche Wiedermodell ECMWF bis de Freiden inclus mat Reequantitéite vun tëscht 30 a 40 l/m². Den amerikanesche Modell GFS gesäit dat net vill anescht, tëscht 30 a 43 l/m² Reen gi simuléiert. Den däitschen ICON gesäit d’Lag mat 18 bis knapp 30 l/m² e bësse méi entspaant, mee ëmmer nach zimmlech naass. De franséischen ARPEGE ass mat tëscht 20 a 35 l/m² dobäi.

Mir mierken also, dass gréisser Reequantitéite bis de Freide mat net grad onwarscheinlech sinn. Wat de Wand betrëfft si virun allem am spéideren Donneschdevirmëtte Vitesse bis 65 km/h ze erwaarden.