D’Wieder bleift weiderhi variabel, allerdéngs sollt et net méi grad esou vill reenen wéi an de leschten Deeg.
Wéi vun de Modeller richteg ageschat, ass et um Méinden an och um Dënschde laanscht de Westen am naasste ginn. Radarmiessunge no sinn do Quantitéite vu knapp iwwer 10 l/m² zesummekomm. An de nächsten Deeg kann et zwar nach heiansdo naass ginn, mee mir sollte net méi un dës Wäerter drukommen.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS berechent vun elo bis de Freiden inlucs mat tëscht 0,5 an 2 l/m², laanscht de Nordweste vum Land soll et erëm am naasste ginn. Den europäeschen ECMWF rechent mat tëscht 1,5 an 3 l/m², de Maximum gëtt dësem Modell no laanscht de Westen resp. Südoste berechent.
De franséischen ARPEGE an den däitschen ICON si sech dës Kéier zimmlech äänlech a rechnen tëscht 1 an 3 l/m². Iwwerdeems den ARPEGE domat rechent, dass et vum Westen hier an enger schmueler Sträif bis an de Nordosten am naasste gëtt, rechent den ICON am Westen an och am Oste mam meeschte Reen.
An der Moyenne gekuckt sollten eis bis de Freiden inclus Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 1 an 2,75 l/m² erwaarden.