Ausbléck: Bis de Mëttwoch inclus gëtt et erëm méi oft naass

An de nächsten Deeg kann et erëm méi oft naass ginn.

Nidderschléi a Form vu Schnéi a Reen

Bis de Mëttwoch inclus gëtt et erëm e bësse méi naass zu Lëtzebuerg. Dëst net nëmmen a Form vu Reen, mee och vu Schnéifall op de Koppen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Mëttwoch inclus tëscht 11 a 26 l/m², dat meescht dovun soll laanscht de Westen erofkommen. De franséischen ECMWF geet och an eng änlech Richtung an ass mat tëscht 11 an 20 l/m² dobäi, och erëm am Weste mam meeschten Nidderschlag.


De Reen bis de Mëttwoch inclus vum däitschen ICON | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE rechent mat 8 bis 12 l/m², am Nordoste vum Land soll et am dréchenste bleiwen – de Weste kënnt erëm am naassten doduerch. Den däitschen ICON berechent 6 bis 16 l/m², erëm laanscht de Westen dat meescht an un der Musel am mannsten.