Ausbléck: Bis de Mëttwoch manner naass

De Sonnden huet et duerch eng Kalfront groussflächeg a plazeweis och méi staark gereent. An de nächsten Deeg gëtt et no a no manner naass.

Et gëtt lues awer sécher manner naass

Gëschter um Sonnden ass e bëssen eppes u Reen erofkomm – haaptsächlech am Südosten an och am Nordweste vum Land konnte Quantitéite vun ëm 10 l/m² gemooss ginn. Och haut starte mir gro a naass an d’Woch, bis de Mëttwoch gëtt et awer méi dréchen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechnet mat tëscht 2 an 3 l/m², déi bis an de spéidere Mëttwochowend era fale sollen. Am naassten ass et wuel haut schonn an de meeschte Reen soll tendenziell am Norden erofkommen. Den europäeschen ECMWF ënnerstëtzt dës Iddi mat 2 bis 4 l/m².


D’Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus dem GFS no | Animatioun: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE rechent mat 2 bis 4 l/m², laanscht de Weste soll et am naasste ginn. Wéi esou oft ass den däitschen ICON mam mannste Reen dobäi an huet 0 bis 3 l/m² um Plang stoen.

Alles an allem falen d’Quantitéite bis de Mëttwoch net wierklech grouss aus. Haut ass wuel de naassten Dag, muer an um Mëttwoch gëtt et ënnert anerem aus deem Grond manner naass, well mir ëmmer méi ënner Héichdrockafloss geroden. D’Prognose fir déi nächst Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.