Wéi gewosst, erwaart eis besonnesch an der zweeter Wochenhallschent méi variabelt Wieder. Mee wéi vill Reen soll dann vum Himmel kommen?
Et gëtt méi naass
Wéi am Artikel vu gëschter beschwat, ass den héije Loftdrock amgaangen ofzehuelen. Haaptsächlech fir déi zweet Wochenhallschent gi sech méi oft Nidderschléi erwaart, déi heiansdo och mol e bësse méi kräfteg ausfale kënnen – dat virun allem am Fall vun eenzelne Schaueren.
Dem europäesche Wiedermodell no si bis e Sonnden inclus akkumuléiert gesinn tëscht 30 a 50 l/m² Reen ze erwaarden. D’Berechnung vum amerikanesche Modell ass mat tëscht 25 an ëm 50 l/m² guer net esou wäit ewech vun där Iddi. Ënnerstëtzt gëtt dat Ganzt vum däitsche Modell ICON, deen esouguer virun allem am Weste bis ëm 60 l/m² op eis duerkomme gesäit. De franséische Modell ARPEGE weist sech mat 10 bis 25 l/m² nach am zréckhalendsten.