Ausbléck bis Enn Juli: Temporär “Wiermt-Bierger” bleiwe mol nach a Moud

Summerwiermt, déi och mol méi laang bleift, ass duerch d’Grousswiederlag ëmmer nach schwéier ze kréien. D’Modeller weisen op d’mannst mol awer “Versich”.

Advertisement

Mir hunn zwar Summer, mee net esou wéi an de leschte Joren

Wa mir eis déi lescht 10 Summeren erauspicken (zanter 2014) dann waren se alleguer e bëssen bis hin zu vill ze waarm, ausser deen vun 2021 (Anom. vu + 2°C am Juni, -1,5°C am Juli, -2,1°C August) – do louch den Duerchschnëtt 0,5°C ënnert der laangjäreger Moyenne. Eisen aktuelle Summer huet am Juni eng negativ Anomalie vu -0,8°C opzeweisen, wat also heescht, dass den éischte meteorologesche Summermount vum Summer 2024 manner waarm ausgefall ass, wéi et an der Moyenne üblech gewiescht wier. An och elo, 10 Deeg an de Juli eran, ass dovun auszegoen, dass eis Duerchschnëttstemperatur éischter net iwwert den 18,7°C läit, déi fir dëse Mount normal wieren.

De Summer ass zu Lëtzebuerg also bis ewell ënnerduerchschnëttlech ënnerwee a reit sech méi wäit hannen an enger Rei vun iwwerduerchschnëttleche Summeren an, déi mir an de vergaangenen 10 Joer an driwwer eraus haten. Dass de Summer bis elo esou ass wéi en ass, ass keen Argument dogéint, dass déi global Duerchschnëttstemperaturen um klamme sinn.

Wéi geet et weider?

De “Modus” ass zanter dem Juni schonn de selwechten. Gréisstendeels leie mir ënnert enger westlecher Stréimung, duerch déi mir ëmmer erëm a kuerzen Zäitofstänn an den Afloss vun Déifdrockgebitter geroden. Dës kommen eis dann entweder mat hire Kären zimmlech no, oder mat hire Fronten. Dëst sinn natierlech net déi bescht Viraussetzungen dofir, dass sech déi summerlech Temperaturen och mol iwwert eng Woch oder zwou kënnen halen. Et ass, wéi wann een mam Mixer dat schéinst Spigelee wat ee ka fanne géif zerstéieren. Eben duerch dës Mëschung aus déiwem an héijem Loftdrock kënnt et méi oft zu Schaueren an Donnerwieder – a wann sech verschidde Parameter gutt iwwerlappen, da kënnen dës och méi zolidd ausfalen, wéi mir et an de leschten Deeg a Wochen gutt gemierkt hunn.


Déi aktuell Modellrechnunge weise weiderhi keng stabil Wiederlag | Animatioun: wxcharts.com

Den aktuelle Bléck op eis Wiedermodeller verréit, dass zwar d’Versich do sinn, dass d’Wiederlag sech mol op e méi stabile “Modus” ännert, mee dat net esou einfach ass. Dës Léisunge sinn de Moment fläit emol fir 1 Modell-Laf dran, mee duerno ginn se erëm duerch eng variabel Stréimung ersat. Esou kann een, reng vun dëse Modeller, dovun ausgoen, dass sech an dësem Mount Juli weiderhi net all ze vill wäert doen. De nächste Virstouss vu summerlechen a fläit och héichsummerleche Loftmasse kënne mir de Méinde kréien, Schaueren an Donnerwieder wieren dann awer och net wäit fort. E weidere Versuch gesäit den europäesche Modell fir ronderëmt de 19. Juli (Freides), vun dem den amerikanesche Modell awer nach näischt wëll wëssen. Dësen ass eréischt erëm fir den 22. Juli fir esou eng Iddi prett.


Eng méi optimistesch Berechnung vu gëschter Owend fir den 23. Juli

Et sief awer ze soen, dass d’Modell-Leef vu gëschter méi optimistesch waren: Do hu se nach eng liicht erhéicht Chance dofir gesinn, dass sech den Temperaturniveau a Richtung Enn Juli fläit awer däitlech kéint hiewen. Ob sech d’Berechnungen erëm dohin zréckpendele wäerten, muss ofgewaart ginn. Eng liicht Saach wäert et egal wéi net ginn.

D’Meenung vun de Laangzäitmodeller

Den europäesche Laangzäitmodell gesäit fir déi momentan Woch, déi elo amgaangen ass, éischter duerchschnëttlech Temperaturen, wat duerch den héichsummerlechen Dënschden (knapp 33°C) an de méi oder manner summerleche Rescht vun der Woch (maximal ëm 26°C) och nozevollzéien ass.


D’Berechnung vum europäesche Laangzäitmodell fir de Rescht vum Juli

Och d’Woch vum 15. Juli soll a Saachen Temperaturen eng duerchschnëttlech ginn, dat mat Tendenz op eng manner naass Zäit. Vum 22. Juli un kéinten eis liicht ënnerduerchschnëttlech Temperaturen ustoen, iwwerdeems de Reen normal bis liicht ze vill kéint ausfalen. De Schluss vum Mount soll dann dem Modell no an den zwee Parameter méi oder manner normal ausfalen.

Den amerikanesche Laangzäitmodell CFS gesäit fir de Rescht vum Mount duerchschnëttlech bis minimal iwwerduerchschnëttlech Temperature bei engem Reendefizit – mee dat däerf ee gär a Fro stellen.