Ausbléck: Bis Mëtt der Woch reent et net vill

Héije Loftdrock bestëmmt zu engem groussen Deel d’Wieder zu Lëtzebuerg. Vum Mëttwoch bis den Donneschden inclus gëtt et kuerz méi onbestänneg, iwwerdeems awer nëmmen eng kleng Reewarscheinlechkeet besteet.

Keng gréisser Quantitéiten ze erwaarden

Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit vun elo bis an de spéide Mëttwochowend era Reequantitéite vun tëscht 0 an 1 l/m² op eis duerkommen. DobäI soll et un der Nordspëtzt vum Land am naasste ginn.

Den europäesche Modell ECMWF ass och där Meenung, dass et un der Nordspëtzt am naasste gëtt. Mat tëscht 0 an 1 l/m² handelt et sech awer och dësem Modell no ëm bal net nennenswäert Quantitéiten.

Den däitschen ICON gesäit am äusserste Nordweste vum Land de meeschte Reen mat mol net engem Liter, genee wéi och de franséischen ARPEGE.