Ausbléck: Brauche mir de Weekend e Prabbeli oder net?

An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Samsden areecht eis aus westleche Richtungen eng Kalfront, déi eis och passéiere wäert. All ze vill Reen wäert des Front awer net mat séch bréngen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat grad emol tëscht 0 an 1 l/m² Reen, déi vun elo un bis de Sonndenowend spéit fale sollen. Dat eenzegt Event, wat eis Reen bréngt, ass eben déi ugesot Kalfront. D’Front wäert also dësem Modell no kaum eppes anstänneges bréngen.

Den europäeschen ECMWF gesäit dat ganzt net vill anescht an ass mat 0 bis 2 l/m² dobäi. Am warscheinlechsten an am meeschte soll et am Norde vum Land reenen.

Mat nach manner Reen rechent de franséischen ARPEGE. Deen ass, genee wéi de GFS, mat 0 bis 1 l/m² dobäi. Dass sech d’Modeller méi oder manner doriwwer eenz sinn, weist och den däitschen ICON, deen déi selwecht Reequantitéite komme gesäit.

Opgrond vun enger Héichdrockbréck ass et zimmlech onwarscheinlech, dass mir ufanks der nächster Woch nennenswäerte Nidderschlag kréien.