Ausbléck: Buedemfrascht an der Nuecht op de Mëttwoch?

Eenzelne Modellrechnunge no soll d’Buedemtemperatur an der kommender Nuecht no un de Gefréierpunkt rëtschen.

Kloer Nuechten, niddereg Temperaturen

Mir geroden an de nächste Stonnen an Deeg ënner méi nennenswäerten Héichdrockafloss, wouduerch et an de Nuechte gutt opkläere kann. Dobäi kann et dann ënner klorem Himmel lokal gutt ofkillen, eenzel Modeller rechne virun allem an der Nordhallschent mat richteg nidderege Wäerter op direkter Buedemhéicht.

Ee vun dëse Kandidaten ass beispillsweis den däitsche Wiedermodell ICON. Dëse rechent fir de fréie Mëttwochmoien mat buedemnoen Temperaturen (gemooss op +5cm Héicht) vun tëscht 2 a 4 Grad, deemno wéi liicht drënner. Et geet wuel op de meeschte Plazen also net wierklech fir Buedemfrascht duer, mee d’Wäerter falen op alle Fall ganz no an déi Richtung. An der Nuecht op den Donneschden, resp. um fréien Donneschdemoie, soll eis eng änlech Situatioun befirstoen. An de Nuechten drop soll et erëm bësse méi mëll ginn.