Fir Chrëschtdag gesäit et zwar net esou gutt aus, mee kuerz virdrun ergëtt sech fir d’Schnéi-Frënn ënnert eis déi lescht kleng Chance fir de Rescht vum Joer 2024.
Advertisement
De Schnéi ass nach net vum Dësch fir dëst Joer
An Tëschenzäit ass et schonn 14 Joer hier, dass mir et iwwert d’Feierdeeg mat enger bestänneger Schnéicouche ze dinn haten. Deemools, zu Peak-Zäite vum Wanter 2010, gouf am Norde vum Land esouguer kuerzzäiteg eng Schnéicouche vu knapp iwwer 50 Zentimeter erreecht, wat haut schonn bal onvirstellbar ass. Et soll ee sech virun Aen féieren, dass eng Schnéicouche iwwert d’Feierdeeg immens rar ass, zumools an de nidderege Géigenden. Kënnt et an de nächste Joren erëm iergendwann dozou, dann ass dat vill méi e rart Phänomeen wéi dass et gängeg wier.
Am Chrëschtdags-Update vu gëschter hu mir gesinn, dass d’Chancen fir eng Schnéicouche fir Hellegowend a Chrëschtdag 2024 däitlech zréckgaange sinn. Schold drun ass d’Grousswiederlag, déi een bis zwee Deeg méi fréi seng Konstellatioun liicht ännert, wat fir e groussen Impakt suergt. Genee dës “Verschiebung” bréngt eis fir dëse Weekend awer nach eng Kéier d’Chance mat, e puer Flacken ze gesinn.
Wanterfrënn musse fir de Weekend hoffen
D’Grousswiederlag, déi virun enger gudder Woch schonn fir ronderëmt Chrëschtdag gesi gouf, kënnt: Deemools ass berechent ginn, dass doduerch eng kleng Chance fir wäiss Chrëschtdeeg géif bestoen. Den Zäitpunkt huet awer geännert, wouduerch sech dës Wiederlag, Stand aktuell, elo fir de Sonnden an de Méinde kéint ausspillen, sollten d’Berechnungen esou bleiwen. Mir schwätzen heibäi vun der Konstellatioun aus engem kräftegen Héich virun der Küst vu Portugal a Frankräich, iwwedeems déiwe Loftdrock iwwert dem skandinavesche Raum läit. Doduerch gi kill, mee awer och fiicht Loftmassen an eis Géigende gelenkt. De neiste Kaarte no kënne mir duerchaus un de Rand vun der Schnéi-frëndlecher Zon kommen.
Esou rechent et den amerikanesche Modell op d’mannst mol zanter 3 Modell-Leef – d’Modelle aktualiséiert 4 mol den Dag. Sollten déi nächst Updates weiderhin eng änlech Léisung weisen, da géif folgendes méi warscheinlech ginn: no kräftege Nidderschléi a strammem Wand e Sonnden géifen um Sonndenowend kill Loftmassen an d’Spill kommen, duerch déi de Reen a Schnéi iwwergeet. Dës Schnéischauere wiere nach bis an de Méinden era méiglech, duerno géif et da méi roueg ginn.
Den europäesche Modell rechent zanter gëschter mat dësem Zenario, schonn vum Sonndevirmëtten u soll et dësem no zu Schnéischauere kommen, déi och mol méi kräfteg kéinten ausfalen. Se solle sech bis an de Méindenomëtten eranzéien, ier et méi dréche gëtt.
De Fazit
Mir waarden elo mol nach e puer Modell-Leef of, fir dësen Trend ze confirméieren. Fir eis Wanterfrënn kéint et awer déi lescht Chance an dësem Joer sinn, de Schnéi nach eng Kéier ze gesinn. Soubal sech den Trend stabiliséiert huet, kënne mir eis och lues a lues un déi méiglech Schnéicouche eruntaaschten. Also: Daumen drécken fir all déi, déi sech eng wäiss Landschaft kuerz viru Chrëschtdag wënschen.