Ausbléck: Comeback vum Héichsummer?

Et war elo e puer Deeg hannerdeneen méi gro, dobäi koum et zu lokale Schaueren an och Donnerwiedere si net ausbliwwen. Den aktuelle Modeller no ass demnächst mat enger markanter Besserung ze rechnen.

Wieder-Video vum 06. September 2018

Scho gewosst?

De geneeë Verlaaf zu de nächsten dräi Deeg fannt Dir ëmmer am Détail an topaktuell ënnert dësem Link.

Summerlech bis héichsummerlech Temperaturen

Nodeems d’Wiedermodeller a leschter Zäit sou zimmlech hin an hier gespronge sinn, schénge se sech elo vir eng Richtung entscheed ze hunn. Déi zwee gängegst Modeller, den amerikanësche GFS an den europäëschen ECMWF, rechnen demnächst alle béid mat dem Zoufloss vu méi waarme Loftmassen an der Héicht, waat sech och op eist Wieder hei ënnen um Buedem auswierke wärt.

De Weekend spiert ee schon eppes vun der Ëmstellung. Et ass déi meecht Zäit sonnëg, dobäi zéien awer och mol e puer kleng Wollécken duerch. Reen ass keen ze erwaarden, d’Temperature packen et de Samsden op 21 Grad, de Sonndë sinn et der 23. De Méinden ass mat bis zu 26 Grad ze rechnen, ier et vum Dënschden un awer sou richtëg interessant gëtt: De Modellrechnunge no kënnen an den Deeg drop virun allem an der Südhalschend vum Land Werter vu bis zu 30 Grad gemooss ginn. Den een oder anere Grad driwwer wier dobäi net onméigleg, waat dann der Definitioun no en Héichsummerdag wier. Ob et tatsächlech rem sou waarem gëtt, muss awer nach ofgewaart ginn.

850 hPa Temperatur vum GFS (wxcharts.eu)

850 hPa Temperatur vum ECMWF (wxcharts.eu)