Och wann de meeschte Plaze keng gréisser Reequantitéite bevirstinn, geet et an de nächsten Deeg variabel virun.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat Quantitéite vun tëscht 1 an 3 l/m². Dat meescht dovu soll laanscht den äusserste Nordwesten a Südoste vum Land erofkommen.
Den europäeschen ECMWF rechent mat e bësse méi Reen, tëscht 5 a 9 l/m² sollen et am ganze sinn. An enger Sträif vu Péiteng iwwer Iechternach an Däitschland era ginn déi héchst Quantitéite gerechent. Dat meescht soll tëscht dem Donneschdenowend an dem spéidere Freidevirmëtte falen.
De franséischen ARPEGE gesäit tëscht 1 bis 5 l/m² op eis duerkommen, un der Nordspëtzt soll am meeschten erofkommen, am Südoste vum Land am mannsten.
Zu gudder Lescht nach den däitschen ICON, dee mat näischt bis 2 l/m² rechent. An enger Sträif queesch duerch d’Mëtt vum Land soll et sou gutt wéi dréche bleiwen, iwwerdeems de Norden an Deeler vum Süde just geréng Quantitéiten ze erwaarden hätten.
Alles an allem stinn d’Chancen op e bësse Reen a nächster Zäit net schlecht, och wann eenzel Géigenden erëm signifikant méi naass kéinte ginn wéi anerer.