Ausbléck: De meteorologesche Wanter ass sou gutt wéi gelaf

Mir stinn ëmmer nach ënnert dem Afloss vun enger Westwiederlag. Dat heescht also, dass ëmmer rem Frontesystemer vum Atlantik hier an eis Richtunge gezu kommen an och iwwert eis ewechzéien. Dat verhënnert, dass sech eng bestänneg wanterlech Wiederlag bei eis festsetze kann.

Immens niddreg Chance fir bestännegt Wanterwieder

De meteorologesche Wanter geet den 1. Mäerz op en Enn. An de nächsten 11 Deeg ass et immens onwahrscheinlech, dass sech eng bestänneg wanterlech Wiederlag duerchsetze wäert. Dëst heescht awer net, dass mir keng Schnéiflack méi wäerten ze gesi kréien. Nach ier de meteorologesche Wanter eriwwer ass, kréie mir z.B fir d’nächst an der Nuecht op de Freiden haaptsächlech op de Koppe nach emol eng kleng Chance vun där enger oder anerer Schnéischauer. Vun de Quantitéiten hier ass et awer éischter net der Ried wäert. E weidert Potenzial vu Flacke besteet aus aktueller Siicht gesinn haut an enger Woch. Also: eenzel Flacke jo, mee keng unhalend wanterlech Period. Wa Flacken, dann haaptsächlech just op den héchste Koppen. De Süden huet zimmlech schlecht Kaarten.

Wéi Dir sëcherlech awer wësst, kann et och am meteorologesche Fréijoer nach wanterlech sinn. D’Chancen op déi kuerz méi wanterlech Phase bestinn och dann nach – mee vun deem wat een haut schon an de Kaarte gesäit, kann ee soen, dass och d’Fréijoer net mat besonnesch gudde Chance lassgoe wäert. Et leeft also ëmmer méi dorop eraus, dass et wuel näischt méi mat richtegem Wanterwieder wäert ginn. Ausser de Mäerz hätt nach eng enorm Iwwerraschung parat – mir halen dat Ganzt zesummen am Aen.

Wéi gesäit et fir déi nächst Deeg aus?

Wat d’Wieder fir déi nächst Deeg ugeet, beweege mir eis dagsiwwer mat eisen Temperaturen tëscht 6 an 12 Grad. Haaptsächlech a Richtung Sonnde kann et nach en Tick méi mëll ginn. An de Nuechte si mir weiderhin e bësse méi kill ënnerwee, do schwätze mir vu Wäerter, déi bis op 3 Grad zréckgoe wäerten – dat mol bis den Donneschden. An der Nuecht op de Freiden an och de Samsde kann et plazeweis bis op de Gefréierpunkt ofkillen, wouduerch glat Stroosse méiglech sinn. Dat selwecht gëlt fir d’Nuecht drop, wou minimal 2 Grad ze erwaarde sinn. Da kënnt de Sonnden, deen, wéi scho gesot, dagsiwwer e Stéckche méi mëll gëtt an och an der Nuecht sollt näischt méi a Richtung Buedemfrascht méiglech sinn. Reenen deet et tendenziell dagsiwwer net all ze vill bis guer net, just Owes ka mol e bëssen eppes dobäi sinn, wéi z.B elo fir d’nächst um Donneschdenowend kuerz. Um Samsde bleift aus aktueller Siicht gesinn drëchen, um Sonnde kann et dann rem och dagsiwwer zu eenzelne Schauere kommen, besonnesch vum Owend u kann et och méi verbreet naass ginn.

D’Westwiederlag vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Lefteg bis héchstens mol “stiermesch” – mee kee Stuerm

D’Thema Wand kënnt an den däitsche Medien och erem op – allerdéngs sollt Lëtzebuerg, ausser mol e spierbare Wand, näischt stuermaarteges bevirstoen. De lëftegsten Dag gëtt viraussiichtlech de Sonnde, wou mol Spëtzte vun em 60 km/h optriede kënnen.