Ausbléck: De nächste Virstouss vu méi mëlle Loftmasse kënnt

Schnéi, waarm, Schnéi, waarm – d’Schwankunge kéinte bal net méi markant sinn. A Richtung Enn der Woch erwaart eis e weidere Virstouss vu méi waarme Loftmassen.

Advertisement

Verlaf vun der Grousswiederlag

E Méinde si bal 18 Grad gemooss ginn, d’Kachelmannstatioun vu Schengen huet 17,8 Grad registréiert. Haut ass et am Nomëtte séier méi kill ginn, op de Koppen hu sech erëm Schnéischaueren entlueden. Och soss am Land hu sech déi méi kill Loftmasse bemierkbar gemaach, dat a Form vu Graupel, deen sech ënner d’Schauere gemëscht huet. Geet et elo esou weider?


De viraussiichtleche Verlaf bis Enn der Woch, ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

Am Laf vum Mëttwoch gerode mir erëm ëmmer méi ënner Héichdrockafloss, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik & och a Richtung Dänemark ze fannen ass. Doduerch kënnt et bei eis bis an de fréie Nomëtten era mol nach zu e puer Schaueren a plazeweis och Schnéischaueren, ier et duerno méi dréche gëtt. En Donneschde verzitt sech d’Héichdrockgebitt a Richtung Osteuropa, iwwerdeems aus Weste lues lues déiwe Loftdrock méi no kënnt. D’Loftmasse ginn esou lues erëm méi mëll, et sollt awer nach dréche bleiwen. E Freidenowend an och e Samsde klëmmt de Risk erëm vun eenzelne Schaueren, deemno wéi kann och erëm en Donnerwieder dobäi sinn. Och e Sonnde soll aus aktueller Siicht gesinn déifdrockdominant mat Reen ausfalen.

Den Temperaturverlaf

An Zuele gekuckt gi muer um Mëttwoch Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad erreecht, en Donneschden 8 bis 12 Grad, e Freide 14 bis 17 Grad, e Samsden 12 bis 15 Grad an e Sonnden 8 bis 12 Grad. Et gëtt also geschwënn erëm däitlech méi mëll, fir e Freide kéint esouguer nach e Grad méi net ausgeschloss ginn.