Ausbléck: De Reen bleift en Thema zu Lëtzebuerg

De Reen ass a bleift glécklecherweis nach en Thema zu Lëtzebuerg.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat akkumuléierte Quantitéite vun tëscht 10 an 28 l/m² bis de Mëttwochowend spéit inclus. Déi gréisst Zomme sollen tendenziell am Weste vum Land erofkommen, op der anerer Säit vun der Grenz (an der Belsch) solle souguer punktuell 40 l/m² falen. De mannste Reen hätte mir dësem Modell no laanscht d’Musel.

Den europäesche Modell ECMWF rechent zwar och de meeschte Reen an der Belsch, mee wat Lëtzebuerg ugeet soll et net am Westen am meeschte reenen, mee éischter am Nordosten. Iwwer d’Land gekuckt wier dësem Modell no mat 5 bis 13 l/m² ze rechnen. De franséische Modell ARPEGE mecht mat 7 bis 23 l/m² erëm ee gréisseren Ënnerscheed, mee nëmme wat d’Quantitéiten ugeet. D’Plaz wou de meeschte Reen fale soll ass net vill anescht wéi do, wou den ECMWF et berechent – nämlech am Osten a laanscht Musel. Eng aner Meenung huet dann erëm den däitschen ICON, dee mat tëscht 9 an 18 l/m² dobäi ass. De meeschte Reen soll am Süde vum Land ze erwaarde sinn.

Och wann een den ausgesichte Modeller net genee enthuele kann, wou et am meeschte reene wäert, kann een awer ongeféier ofschätze, wéi vill et reene wäert. Tëscht 6 a 15 l/m² schénge realistesch, mat Chance kréie mir jo nach gréisser Quantitéite wéi vu verschiddene Modeller berechent.