Ausbléck: De Reen-Check bis de Freide mat

Duerch den héije Loftdrock ass d’Warscheinlechkeet vun enger Schauer de Moment zimmlech kleng. Esou ganz onméiglech sinn se awer net.

Reen éischter rar

Zu der Nidderschlagsverdeelung kann een dës Kéier net vill soen – dat aus deem Grond, well d’Schaueren, wann iwwerhaapt, ganz enk begrenzt optrieden. Wann der erofginn, dann ass och mat kenge weider nennenswäerte Quantitéiten ze rechnen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass bis de Freiden inclus mat tëscht 1 a 5 l/m² dobäi an ass gläichzäiteg och dee Modell, deen de meeschte Reen komme gesäit. Den europäeschen ECMWF dogéint ass mat 0,3 bis 1 l/m² dobäi, de franséischen ARPEGE mat 1 bis 3 l/m² an den däitschen ICON rechent mat genee guer kengem Reen.

D’Warscheinlechkeet vu Schaueren ass an de nächste Stonnen an Deeg, wéi gesot, richteg kleng. Et muss ee schonn “Chance” oder “Pech” hunn, wierklech vun enger erwëscht ze ginn. Wat den Duerchschnëtt vun de véier ausgesichte Modeller betrëfft wiere bis de Freiden inclus lokal tëscht 0,575 an 2,25 l/m² méiglech.