Den onbestännege Wieder-Charakter bleift eis hei zu Lëtzebuerg also erhalen. Elo stellt sech d’Fro, wéi vill et dann bis de Freiden inclus iwwerhaapt reene kann an och wéi eng Géigenden am naasste kënne ginn.
Stännege Wiessel tëscht Sonn, décke Wolleken an eenzelne Schaueren
Sou wéi d’Wieder an de leschten Deeg war gëtt et och ongeféier fir de Rescht vun der Woch. Bestänneg Elementer ginn et, wann iwwerhaapt nëmmen e puer ganz vereenzelter a kuerzer. Iwwert den Zäitraum vum Mëttwoch bis de Freide gekuckt erwaart eis awer en zimmleche Mix aus ville Wolleken, eenzelne sonnege Momenter an och e puer Schaueren, déi dotëscht optriede kënnen.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass bis de Freiden inclus mat akkumuléierte Reequantitéite vun tëscht 3 an 10 l/m² dobäi a gesäit de meeschte Nidderschlag fir d’Nordspëtzt. Och den europäeschen ECMWF ass där Meenung, gesäit awer wat d’Zommen ugeet méi niddereg Zuelen – en ass mat 2 bis 5 l/m² ënnerwee. Weider geet et mam franséischen ARPEGE, dee mat tëscht 2 an 8 l/m² dobäi ass – tendenziell och erëm am Norden mat den héchste Quantitéiten. Den däitschen ICON huet de mannste Reen an der Berechnung, grad emol tëscht 1 a 4 l/m² sollen dësem no falen. Anescht wéi déi aner Modeller gesäit den ICON de “Schwéierpunkt” vum Reen am Südoste vum Land; laanscht d’Musel.
Fazit
Hëlt een den Duerchschnëtt vun de véier ausgesichte Modeller, da kënnt ee bei tëscht 2 a 6,75 l/m² eraus, déi an enger Zäitspaan vun elo bis de Freiden inclus fale sollen. De Norde sollt dobäi tendenziell am naasste ginn.