Ausbléck: De Reen-Check bis de Méinden inclus

De Weekend steet virun der Dier – et gëtt dohier Zäit ze kucken, wéi vill Reen an enger Period bis de Méinden inclus erofkomme kann.

Wa Reen, dann duerch lokal Wiederen

Dass mir de Moment ënner méi variable Loftmasse leien, ass eis jo bewosst. Nidderschléi si fir den Ufank also denkbar, mee et wäert spéiderhin och méi dréche Phase ginn. Déi Deeg, un deenen et zu Nidderschléi komme kann, sinn haut de Freiden, muer de Samsden (bis an de fréie Mëtten) an duerno viraussiichtlech eréischt erëm de Méinden.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat tëscht 13 an 20 l/m² dobäi, iwwerdeems den europäeschen ECMWF tëscht 18 a 25 l/m² an dëser Period op eis duerkomme gesäit. De franséischen ARPEGE ass mat 14 bis 30 l/m² dobäi, den däitschen ICON rechent mat tëscht 15 a 25 l/m². Am Duerchschnëtt lande mir dobäi also bei tëscht 15 a 25 l/m², déi de Weekend iwwer bis och de Méinden inclus vum Himmel komme kënnen.

Duerch d’Donnerwiederaktivitéit haut um Freide kéinten dës Zuelen allerdéngs plazeweis duercherneegehäit ginn, well et nidderschlagstechnesch vu Plaz zu Plaz zu gréisseren Ënnerscheeder komme kann.