Ausbléck: De Reen-Check bis Mëtt der Woch

Bis Mëtt der Woch ergëtt sech nach e puer mol d’Chance op e puer Nidderschléi. Mol kucke, wat d’Modeller dës Kéier esou ausspäizen.

Den Dënschde gëtt de naassten Dag

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass an enger Zäitspaan vun elo un bis de Mëttwoch inclus mat Reequantitéite vun tëscht 5 an 8 l/m² dobäi – dobäi soll am Südweste vum Land am meeschte Reen erofkommen. Den europäeschen ECMWF ass mat 3 bis 8 l/m² dobäi a gesäit méi un der Nordspëtzt déi naasst Géigend. Anerer Meenung sinn awer erëm de franséischen ARPEGE an och den däitschen ICON. Wat den ARPEGE ugeet, sinn tëscht 7 a 15 l/m² ze erwaarden, den däitschen ICON ass mat 3 bis 13 l/m² dobäi. Déi zwee Modeller gesinn de “Schwéierpunkt” am Südweste vum Land, genee wéi den amerikanesche GFS.

Wann een déi véiert ausgesicht Modeller hëlt an den Duerchschnëtt zitt, da kënnt ee bei tëscht 4,5 an 11 l/m² eraus – mat der Tendenz, dass et wuel am Südweste soll am naasste ginn. De naassten Dag gëtt den Dënschden, wat mam Stuermdéif EUGEN zesummenhänkt.