Ausbléck: De Reen-Check fir de Weekend

Zwar ass et de Weekend iwwer oft wollekeg, allerdéngs si keng wierklech nennenswäert Nidderschlagsquantitéiten ze erwaarden.

Quantitéite vun ënner 2 l/m²

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass vum Freidemoie fréi bis de Sonndenowend spéit mat Quantitéite vun tëscht 0,2 bis hin zu 1 l/m² dobäi. Den europäeschen ECMWF gesäit och tëscht 0,2 an 1 l/m² op eis duerkommen.

Den däitschen ICON ass mat e bësse méi Reen ënnerwee a rechent mat tëscht 0,5 an 2 l/m². De franséischen ARPEGE ass e bësse méi der Meenung wéi och den amerikanesche GFS & europäeschen ECMWF, tëscht 0,2 an 1 l/m² sinn dobäi.

Vun den ausgesichte Modeller ausgoend sinn de Weekend iwwer also duerchschnëttlech tëscht 0,275 an 1,25 l/m² ze erwaarden. Dëst ni a Form vu flächendeckendem Reen, mee einfach nëmme lokale Schaueren. Heescht also, dass och Géigende kënnen dobäi sinn, wou et quasi dréche bleift.