Ausbléck: De Saharastëbs mécht geschwënn e Comeback

Well déi mëll/waarm Loftmassen ënnert anerem och aus Afrika ugezaapt ginn, gëtt de Saharastëbs deemnächst erëm en Thema zu Lëtzebuerg.

Advertisement

Geschwënn erëm e méi dréiwen Himmel

Wéi ugekënnegt, gëtt et deemnächst jo erëm méi waarm zu Lëtzebuerg. Wéi bei de leschte Waarmloftvirstéiss ass et awer och dës Kéier erëm esou, dass en Deel vun de Loftmassen aus Afrika kënnt. De Saharastëbs gëtt also och erëm en Thema.


Déi viraussiichtlech Konzentratioun um Méindenowend, 29.04. Lëtzebuerg läit an der ieweschter Hallschent vum Bild, eppes iwwert der “2047” Markéierung | Grafik: https://forecast.uoa.gr/

An der Nuecht op e Sonnde fänkt et lues a lues un, e bësse méi nennenswäert soll et dann awer de Berechnunge no um Sonndenowend ginn. Den eigentleche Peak erwaart eis vum Méindenomëtten un, dat bis an de spéidere Mëttwochowend eran. Duerno hëlt d’Konzentratioun zwar of, mee se wäert wuel bis un de Schluss vun der Berechnung, also bis de 04. Mee, net gänzlech verschwannen.

“Bluttreen” méiglech

Bis un de genannte Schluss-Zäitpunkt hu mir et mat variablem Wieder ze dinn, well den Déifdrockafloss nawell ganz no un eis verleeft – deels och direkt iwwert eis. Duerch d’Schaueren, déi ze erwaarde sinn, kënnt de Stëbs nach besser bis op de Buedem. Et ass also erëm domat ze rechnen, dass sech vill Knascht um Buedem ofsetzt, inkl. de Fënsterscheiwen.

Niewebäi suergt de Stëbs fir däitlech méi faarfintensiv Sonnenop- an Ënnergäng.